Radioen

On air

Notturno  |  Colleen - Implosion-Explosion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mannerjäreg Flüchtlinge séier scolariséieren!"

Lëtzebuerger Flüchtlingsrot

"Mannerjäreg Flüchtlinge séier scolariséieren!"

D'Integratioun an déi normal Schoul an d'Fro vum Tutorat wieren déi dréngendst Dossieren, wann et ëm den Ëmgang mat mannerjärege Flüchtlinge geet - seet de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot.

auto_stories

1 min

"Den éischten Ament ass et richteg, wa mannerjäreg Flüchtlingen an eng Classe d'accueil opgeholl ginn", seet den Yves Schmidt vum Flüchtlingsrot a vun der Caritas. D'Gesetz géif eng maximal Dauer vun engem Joer virgesinn, an déi misst och agehale ginn, esou seng Fuerderung. "An de Classes d'accueil léiere si nämlech guer näischt", esou den Yves Schmidt. Hei géif och eng Stigmatisatioun geschéien, déi net gutt wier. Et wier immens wichteg, séier an déi "normal" Schoul z'integréieren.

Grouss Sensibilitéit

All d'Acteuren hei am Land hätten eng grouss Sensibilitéit fir d'Thematik, analyséiert den Yves Schmidt. "Tout n'est pas noir" seet hien. Et ginn awer eng Partie Problemer, déi geléist misste ginn. Een dovunner betrëfft d'Roll vum Tuteur. Déi wier net kloer am Gesetz. Et géif sech ëmmer hannert deem "faméisen Administrateur ad hoc" verstoppt ginn. Dat wier am konkreten dann den Affekot, deen den Dossier traitéiert. Fir dee wier et eben awer och "just en Dossier". Dee géif sech net ëm den Alldag vun de Betraffene këmmeren, ëm hir Soine, oder och hir Kleeder. Verschidden ONGen - wéi ënnert anerem d'Caritas - géifen d'Tuteuraufgaben iwwerhuelen. "Mä d'Roll ass vum Gesetz hier net kloer definéiert", seet den Yves Schmidt. "Et ass héich Zäit déi ze preziséieren".