An hirem Avis zum Reglement grand-ducal iwwer dee Gremium kritiséiert d'CCDH, datt d'Zivilgesellschaft ausgeschloss bleift, an datt just Vertrieder vu staatlechen Instanzen dora solle vertruede sinn. Dorënner e Representant vum Ausseministère, wat besonnesch onglécklech wier, wéi d'Anamarija Tunjic, Juristin bei der Mënscherechtskommissioun, erkläert.
"Mir gesinn dat schonn als problematesch. Well mir schwätzen hei vun enger Kommissioun, där hir Aufgab et ass, de Ministère ze beroden [well dat ass d'Administratioun, déi d'Décision de retour hëlt]. Do muss ee sech da scho Froe stellen, wann e Representant vun deem selwechte Ministère net nëmmen an där Kommissioun sëtzt, mee se och presidéiert an am Fall vun enger Stëmmegläichheet dann och d'Voix prépondérante huet."
Den Ausseministère géif sech gewëssermoosse selwer beroden, sou d'Anamarija Tunjic.
Recommandatioune géife seelen zeréckbehale ginn
An der Kommissioun si Vertrieder vum Ausseministère, vum Parquet, vum Office de l'enfance an dem Office de l'accueil. Ausschlaggebend fir d'Entscheedung soll den "intérêt supérieur de l'enfant" sinn, woubäi et dofir am Gesetz keng kloer Krittäre ginn. D'Mënscherechtskommissioun kritiséiert dat. Et wier wichteg fir am Reglement kloerzestellen, wéi eng Krittäre musse berücksichtegt ginn a wéi een deen Intérêt supérieur evaluéiert. Et géifen am Ausland och eng Rei Beispiller ginn, un deenen ee sech orientéiere kéint. D'Anamarija Tunjic nennt de Kannerrechts-Comité vu Genf an d'UNICEF.
De Minister Jean Asselborn huet och schonn ze verstoe ginn, datt hien net ausschléisst eenzele Bedenke vun der Mënscherechtskommissioun Rechnung ze droen. Déi freet sech natierlech do driwwer, erkläert d'Anamarija Tunjic. Generell géifen awer déi mannste Recommandatioune vun der Mënscherechtskommissioun zeréckbehale ginn.