Jugendschutz a -strofrecht "Mannerjäreger gehéieren net an de Prisong"

D'Ombudsfra fuerdert, datt per Gesetz festgeluecht gëtt, datt Mannerjäreger net kënnen an de Prisong gesat ginn. Si wier "immens frou" datt de Justizminister Felix Braz averstanen ass, datt Mineuren net an de Prisong gehéieren, esou d'Claudia Monti. De Minister misst déi Ukënnegung awer elo och am Gesetz verankeren.

Rick Mertens / cbi

Claudia Monti
D'Ombudsfra Claudia Monti seet kloer: "Mineure gehéieren net an de Prisong"

Eng éischt Gesetzespropos vum Felix Braz war an de leschte Woche schaarf vum Staatsrot, der CSV an der Presidentin vum UN-Kannerrechtscomité kritiséiert ginn. Haaptkritik ass, datt am Text net ausgeschloss gëtt, datt Mannerjäreger an de Prisong op Schraasseg kommen.

Fir d'Claudia Monti ass kloer, datt "Mineuren net an de Prisong gehéieren".

Kloer am Gesetz verankeren

De Justizminister Felix Braz sot, hie wier och der Meenung. Am Gesetzestext, den hie proposéiert, ass dat awer net esou festgehal. Der Ombusfra ass et wichteg, datt dat juristesch am Text festgehale gëtt. De Justizminister hat matgedeelt, datt hien den Text nach eng Kéier wéilt iwwerschaffen.

D'Renate Winter soll beim Iwwerschaffe vum Gesetzestext hëllefen. Foto: Chambre des Députés

D'Claudia Monti begréisst, datt de grénge Minister elo méi Wäert op d'Kannerrechter wëllt leeën:

"Wann ee seet 'méi Rechter fuerderen', dat ass forcement eppes, wat ech nëmme ka begréissen. Mee dann dierf een awer net vergiessen, wann ee vun engem Jugendstroofrecht schwätzt, datt een och do Schutzmoossnahme muss drasetzen."

International Hëllef beim Iwwerschaffe vum Text

D'Ombudsfra kritiséiert och, datt de Projet vum Minister de Jugendschutz mam Strofrecht vermëscht:

"Am Moment schwätzt all Mënsch just vun de Mineuren am Prisong, vum Rescht vun de Mesurë gëtt guer net méi geschwat. Dat heescht, de Schutz ass am Moment iergendwéi an den Hannergrond gerutscht. An do musse mir eis kloer soen: Wa mir vu Jugendschutz schwätzen, da schwätze mir net nëmme vu Bestrofen. An dat ass e bëssen dat, wat am Moment de Problem ass."

De Gesetzestext soll elo nach eng Kéier iwwerschafft ginn, ënner anerem d'Presidentin vum UN-Comité fir d'Kannerrechter soll an dee Prozess agebonne ginn. D'Claudia Monti seet, si wier - trotz Kritik - optimistesch, datt eng zefriddestellend Léisung fonnt gëtt.


Detailer mam Rick Mertens:

Lauschteren

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Renate Winter
Jugendschutz

De Jugendschutz muss vum Jugendstrofrecht getrennt ginn. Där Meenung ass d'Renate Winter, Presidentin vum UNO-Comité fir d'Rechter vum Kand. D'Carole Schimmer huet sech mat hir ënnerhalen.

Felix Braz
Mannerjäreger am Erwuesseneprisong

De Justizminister Félix Braz gëtt zou, datt d'Infrastrukturen zu Schraasseg net optimal sinn. Mam neie Jugendschutzgesetz solle Mannerjäreger nëmmen nach an Ausnamefäll op Schraasseg kommen.

René Schlechter
Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand

De President vum ORK huet sech am Prisong e Bild vun der Situatioun gemaacht. Déi Mannerjäreg wieren do faktesch net vun den erwuessene Prisonéier getrennt, kritiséiert de René Schlechter.

Handschellen
Jugendschutz

Dräi Jonker ënnert 18 Joer souzen de leschte Freideg am Prisong. Dat huet de Justizministère op eis Nofro hi confirméiert. An der Sécherheetsunitéit fir Mannerjäreger si momentan fënnef Plaze beluecht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen