Radioen

On air

De Moien  |  Anna St. Louis - Phone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuergesch ass sécher net um Ausstierwen"

Sprooch

"Lëtzebuergesch ass sécher net um Ausstierwen"

De Moment wieren "immens vill" Leit drun intresséiert fir Lëtzebuergesch ze léieren. Et kéint also net dovu Rieds goen, datt d'Sprooch géif verschwannen, sou de President vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, Marc Barthelemy.

auto_stories

4 min

Den nächste Méindeg, 16. Januar, gëtt an der Chamber iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch diskutéiert. Op der Dagesuerdnung stinn d'Debatten zu den zwou Sprooche-Petitiounen, déi déi läscht Méint an der Ëffentlechkeet fir vill Gespréich gesuergt hunn.

Datt déi Lëtzebuerger Sprooch grad elo sou vill vu sech schwätzen deet, läit dem President vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL), Marc Barthelemy, no dorun, datt de Petionnaire Lucien Welter mat der Petitioun iwwer Lëtzebuergesch als Amtssprooch een Nerv getraff huet. "Et ass ee grousse Besoin do, fir erauszefanne wat mir mat der Lëtzebuerger Sprooch sollen an Zukunft ufänken. Deen Debat ass iwwerfälleg" esou de Marc Barthelemy am Interview mam Maxi Pesch.

Sprooch als Deel vun der Identitéit

Déi deelweis ganz emotional Diskussiounen op de sozialen Netzwierker iwwerraschen de President vum CPLL net. "Et ass ee Fakt, datt d'Sprooch vu villen als een Deel vun hirer Identitéit gesi gëtt. Dofir ass et kloer, datt do Emotioune matspillen" sou de Marc Barthelemy. Mee et wier "natierlech wichteg", d'Diskussioun iwwer d'Sprooch op sachlechen Argumenter opzebauen.

Eng Positioun zu der aktuell Debatt huet den CPLL nach net, dat well en viru Kuerzem eréischt nei zesummegesat gouf. De viregte Conseil hat sech awer dofir ausgeschwat, datt Lëtzebuergesch souwuel de Statut vun der nationaler wéi och der offizieller Sprooch vum Land soll kréien. Aner offiziell Sprooche géifen an där Konstellatioun weider Däitsch a Franséisch bleiwen. Donieft hat de Conseil drop insistéiert, datt de Gebrauch vun den dräi Sprooche sollt gesetzlech geregelt ginn – an net iwwer d'Verfassung.

"Immens vill" Interessi un der Sprooch

Eng vun de Missioune vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise ass, et déi Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen. De Marc Barthelemy weist drop hin, dat Lëtzebuergesch haut vill méi wéi fréier och als Friemsprooch enseignéiert gëtt, souwuel an de Schoule wéi och an der Erwuessenebildung. "Dat ass eng Entwécklung déi de Conseil permanent och mat begleet".

De President vum Conseil permanent de la Langue luxembourgeoise ass frou, datt de Moment esou vill Leit wëlle Lëtzebuergesch leieren. Et wieren der "immens vill", och am noen Ausland. "Natierlech wëllen déi Leit net Lëtzebuergesch léieren, well se d'Sprooch sou gär hunn, mee well se heihi wëlle schaffe kommen", sou de Marc Barthelemy.

Mëttelfristeg kritt jidderee Plaz an engem Cours

Allerdéngs géif et u Formateure feelen fir Lëtzebuergesch z'enseignéieren, wat dozou féiert, datt Coursen dacks séier ausgebucht sinn. Mat engem Gesetz aus dem Joer 2009 gouf de Lëtzebuergesch-Professer an d'Liewe geruff, grad wéi de Formateur d'adulte fir Lëtzebuergesch.

"Mir hunn elo de Problem, datt mer net bannent kierzter Zäit net Onmasse vu Leit kënne prett hunn fir Coursen ze halen. Mee dat ass am Gaang opgebaut ze ginn", sou de Marc Barthelemy. Sengen Informatiounen no géif och jiddereen, deen eng Demande gemaach huet, mëttelfristeg eng Plaz an engem Cours kréien.

"Spellchecker.lu andauernd gebraucht"

De CPLL koordinéiert och den Aarbechtsgrupp dee sech mam Ausschaffe vum Lëtzebuerger Online- Dictionnaire beschäftegt. D'Aarbechten doru sinn nach ëmmer net ofgeschloss, et wier een awer net wäit dovun ewech, sou de Marc Barthelemy. "D'Aarbecht vun der Equipp vum Online-Dictionnaire war et bis elo ee kompletten Dictionnaire zesummenzekréien, bis de Buschtaf Z. Mee et ass awer grad sou kloer, datt een Dictionnaire ni fäerdeg ass: wann een hannen ukomm ass, da fänkt een erëm vir un".

De Michel Weimerskirch, deen 2006 de Spellchecker.lu an d’Liewe geruff fuerdert zënter laangem an ouni Erfolleg den Accès op d'Datebank vum lod.lu. De Marc Barthelemy schléisst eng Zesummenaarbecht mam Spellchecker net aus. "Et ass evident datt de Spellchecker een Outil ass, deen een andauernd gebraucht". A wann een op de Wee géif goen, ëmmer méi offiziell Texter a Kommunikatiounen ze schreiwen, da géif een Dictionnaire an ee Spellchecker, grad wéi ee Regelwierk ëmmer méi wichteg ginn. Allerdéngs wieren an där Diskussioun nach Zoustännegkeetsfroen ze klären. "Dat ass eng Fro déi de CPLL wäert u seng Ministere weiderginn", sou de Marc Barthelemy. Domat gemengt sinn de Kulturminister an den Educatiounsminister.

Lëtzebuergesch als europäesch Amtssprooch?

Wat d'Diskussioun iwwert Lëtzebuerg als europäesch Amtsprooch ugeet, sou ass den CPLL averstane mat der Approche vum Educatiounsminister, Claude Meisch, deen den enstpriechende Virstouss lancéiert hat. De Marc Barthelemy fënnt et "schwéier ze verstoen, datt Sproochen, déi vill manner geschwat ginn, wéi Lëtzebuergesch, wéi zum Beispill Gälesch, offiziell Sprooch sinn a Lëtzebuergesch net".

Doriwwer eraus spille senger Meenung no d'Sproochefinanzéirungsprogrammer eng Roll an der Diskussioun. "Wann ee finnesch-malteseschen Dictionnaire erauskënnt, dee kommerziell net intressant ass, da gëtt dat europäesch finanzéiert. Bei engem lëtzebuergesch-italieneschen Dictionnaire geet dat net, well Lëtzebuergesch keng offiziell unerkannten Amtssprooch an Europa ass", erkläert de Marc Barthelemy.

Domat wier Lëtzebuergesch eng Sprooch déi um europäeschen Niveau net géif existéieren. Ob Lëtzebuergesch tatsächlech europäesch Amtssprooch gëtt, géif vun der Regierung ofhänken, an dovun, ob d'Sprooch als Schrëftsprooch soll entwéckelt ginn. "D'Äntwert op déi Fro muss aus deem Debat erauskommen, dee elo ugefaangen huet", sou de President vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise.