Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Hansen: Impfflicht muss mat Sanktiounen duerchgesat ginn

Gesellschaft

Marc Hansen: Impfflicht muss mat Sanktiounen duerchgesat ginn

De gréngen Deputéierte Marc Hansen betount, wann eng Impfflicht agefouert gëtt, da missten et och Strofe fir déi ginn, déi sech net un déi Flicht halen.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

play_arrow
Foto: Flick Chambre des Députés

De Marc Hansen wollt sech de Moien hei op der Antenn awer nach net festleeën, wéi déi Strofe genee sollen ausgesinn. Et wäert dono awer warscheinlech op administrativ an op Geldstrofen erauslafen, sou den Deputéierten.

"Et gëtt engersäits déi finanziell Sanktiounen, an da bleiwe jo och nach déi Mesuren en Place, déi elo schonn do sinn. An déi Leit, déi net geimpft oder genese sinn, déi si jo och doduerch impaktéiert."

D'Strofe sollen dem gréngen Deputéierten no och applizéiert ginn "soss brauche mer keng Sanktioune festzehalen".

D'nächst Woch ass an der Chamber dann eng Debatt geplangt, an der d'Parteie Stellung zur Impfflicht sollen huelen.