Radioen

On air

De Moien  |  Lindstrøm & Christabelle - Lovesick

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Ruppert: Fokus wëllt déi grondleeënd Probleemer upaken

Invité vum Dag

Marc Ruppert: Fokus wëllt déi grondleeënd Probleemer upaken

Fokus wëllt sech net just inhaltlech vun den etabléierte Parteien differenzéieren, mee och mat hirer Approche. D'Partei wëllt am Laf vun den nächste Wochen zesumme mat hire Memberen zéng "staark" Messagen zu aktuellen Theemen ausschaffen. Ee Beispill wieren eventuell Kompensatioune fir d'Präisdeierecht iwwer eng méiglech Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun.

auto_stories

2 min

Grondleeënd Probleemer kéint een net iwwer Kaddoen oder iwwer d'Erausgi vu Bonge léisen, sou de Marc Ruppert.

"De grousse politeschen Entworf geet eben drëm, datt een zum Beispill an dëser Fro eng Kéier tranchéiert: Wat sinn dann déi grondleeënd Saachen, déi mer kënne veränneren, fir datt mer - wann esou Saache virkommen - eben net musse kleng Kaddospolitik maache fir d'Problemer ze léisen."

Fir déi nei Partei wier et onlogesch, wann een e grousse Projet géif ugoen, ouni sech konkret an ambitionéiert Ziler ze setzen. De Marc Ruppert wier sech awer bewosst, datt een dono déi néideg Ënnerstëtzung beim Wieler kritt. "Dat soll och elo net iwwerhieflech eriwwerkommen, sou wéi wa mer géife soen, mir maachen dat a mir kréien dat alles hin."

Fokus wëllt sou séier wéi méiglech Regierungsverantwortung iwwerhuelen

Fir déi nei Partei wier et awer kloer, datt se hir Programmpunkten dono och wéilt ëmsetzen. "Dat geet eigentlech nëmmen, wann s de an der Verantwortung bass. An dat muss d'Zil sinn", sou de Marc Ruppert, de President vun där neier Partei, déi de Fränk Engel zesumme mat anere gegrënnt huet.

An der Suite vun der Pressekonferenz vun e Méindeg hätte sech schonn eng 30 Leit bei Fokus gemellt fir Member ze ginn. "Leit, déi mer net um Schierm haten", sou de Marc Ruppert, de President vun där neier Partei.

Fokus wëllt sech jo mat enger neier Approche an der Lëtzebuerger Politlandschaft etabléieren. D'Partei huet wuel Ziler a Wäerter definéiert, awer nach keen detailléierte Programm. Dee soll eréischt an engem participative Prozess mat de Memberen ausgeschafft ginn. De Parteipresident steet och zu der Ausso vum Generalsekretär Gary Kneip, dee gëschter gesot hat, Zil vu Fokus wier et, no den nächste Wale Regierungsverantwortung ze iwwerhuelen.