De Jean-Claude Juncker hätt schonn d’lescht Joer um EVP-Kongress hei am Land "duerchblécke gelooss, datt hie keng zweet Amtszäit wéilt maachen", esou de Marc Spautz am 100,7-Interview. Den CSV-President weist sech dofir "iwwerrascht", datt et "elo e grousse Scoop ass", wann de fréiere Premier um Deutschlandfunk seet, hie wéilt 2019 net méi untrieden.
Am Gespréich mat dem däitsche Sender weist de Jean-Claude Juncker sech pessimistesch iwwer d'Zesummenaarbecht tëscht den EU-Länner: D'Memberstaaten hätte kee "Grondverständnis" doriwwer, wat an Europa misst geleescht ginn, esou de Kommissiounspresident. A Groussbritannien géif et an de Verhandlungen iwwer den EU-Austrëtt packen, déi aner 27 EU-Staaten nach weider "auserneen ze dividéieren".
Fir de Marc Spautz trëfft de Jean-Claude Juncker mat dësen Aschätzungen "den Nol op de Kapp". De briteschen EU-Austrëtt géif am Moment wei "en Damoklesschwäert iwwert der EU hänken". Wann d'Europäesch Unioun net zesummesteet, kéinten d'Briten nämlech einfach hir individuell Accorde mat deenen eenzelen Memberstaaten ofschléissen.
Visite bei der däitscher Kanzlerin
Déi politesch Erausfuerderunge fir Europa stoungen och am Mëttelpunkt, wéi de Marc Spautz an den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler sech den 10. Februar zu Berlin mat der däitscher Kanzlerin Angela Merkel getraff hunn.
Nieft dem briteschen EU-Austrëtt hätt een och iwwer d'Flüchtlingspolitik geschwat. Hei misst d'EU sech Eens ginn, wéi eng Länner als sécher Hierkonftslänner definéiert ginn, esou de Marc Spautz. An där Fro misst och déi däitsch Regierungskoalitioun sech "intern" eens ginn.
Wahlstrategie bleiwe geheim
Wei eng politesch Rotschléi d'Kanzlerin den CSV-Politiker fir déi nächst Chamberwahlen mat op de Wee ginn huet, wëllt de Marc Spautz iwwerdeems net verroden.
Bannent der Europäescher Vollekspartei géif ee sech zwar regelméisseg austauschen, mee déi "parteiintern" Strategië fir d'Wahlen an Däitschland an zu Lëtzebuerg kéint een nach net an der Ëffentlechkeet diskutéieren, esou de Marc Spautz.