"Ech hu wëlles déi nächst fënnef Joer an der Lëtzebuerger Chamber ze sinn an och déi nächst Chamberwahlen nach eng Kéier matzegoen", huet de Marc Spautz erkläert. Hie kéint sech net virstelle Kandidat op der CSV-Europalëscht ze sinn.
1999 hat de Marc Spautz bei den Europawahle kandidéiert: ënner den deemools nach 12 Kandidaten op der CSV-Lëscht war hie virun 20 Joer op déi véiertleschte Platz komm.
D'Tageblatt hat haut an engem Kommentar geschriwwen "dem Vernehmen nach soll sich Marc Spautz an der Europawahl beteiligen" an "auch Viviane Reding ist als CSV-Kandidatin für das EU-Parlament im ernst zu nehmenden Gespräch".
D'CSV-Deputéiert a fréier Europadeputéiert Viviane Reding huet eis op Nofro hi geäntwert, si géif sech net op Spekulatiounen aloossen.
De Marc Spautz: