Radioen

On air

Notturno  |  C'est Karma - Post (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marche Silencieuse vun Horeca-Betriber

Demonstratioun

Marche Silencieuse vun Horeca-Betriber

An der Stad sinn de Samsdeg Cafetieren a Restaurateure fir eng "Marche Silencieuse" duerch d'Geschäftsstzrosse bis bei d'Chamber marschéiert. Ronn 220 Leit wäre matt gaangen, sot eis d'Cristina Borges, Patronne vun engem Bar, déi d'Demonstratioun mat organiséiert huet.

auto_stories

1 min

D'Demonstrante ware schwaarz ugedoen als Symbol fir d'Trauer am Horeca-Secteur. D'Hëllefe vun der Regierung géifen net séier genuch kommen. A vill Leit am Horeca-Secteur wiere gezwongen, Scholden opzehuelen a kéinten net méi laang iwwerliewen, sou d'Cristina Borges. D'Demonstrante fuerderen och, datt Restauranten a Caféen ënner strikte Konditiounen nees kënnen opmaachen. D'Cristina Borges sot awer, si géif dervun ausgoen, dass se nach bis Mäerz missten zou bleiwen. An dem Fall wären si an anerer gezwongen, zou ze maachen.

Parallel war an der Stad de Mëtteg och nees eng Demonstratioun vu Restriktiouns-Géigner. Si si vun der Kinnekswiss op de Knuedler gezunn an hunn do Riede gehalen. Si stellen ënner anerem d'Koherenz vun de Regierungsmesuren a Fro. Well si prinzipiell kéng Masken un doen haten d'Horeca-Vertrieder refuséiert, sech mat der Demo vun de Restriktiouns-Géigner z'associéieren.