Wirtschafts- a Sozialrot Besseren nationale Sozialdialog duerch den europäesche Kader

Dat "europäescht Semester" hätt d'Sozialpartner nees zouenee gefouert, erkläert de Marco Wagener (LCGB). Dem neie President vum Wirtschafts- a Sozialrot no wäert et bei Sträitpunkte bei fundamentalen Oppositiounen tëscht Patronat a Gewerkschafte bleiwen. Beispill: Hausse vum Mindestloun.

Mick Entringer / ys

Marco Wagener
Marco Wagener

Zanter 2011 mécht all EU-Land den Exercice vum "europäesche Semester", deen an engem Oflaf besteet vun Analysen a Recommandatiounen iwwert d'Budgeten an de Memberstaaten, éier déi national Parlamenter driwwer ofstëmmen. Zil ass et, fir déi europäesch Wirtschafts- a Finanzpolitiken ze koordinéieren.

"D'Gewerkschaftssäit wëll méi sozial Kritären am Kader vum "europäesche Semester'", seet den neie President vum Wirtschafts- a Sozialrot de Marco Wagener. Dëse Méindeg trëfft sech den tripartitäre Gremium déi zweete Kéier, fir déi budgetär d'Richtlinne vum nächste Joer festzesetzen. An deem Kontext wäert, no sechs Joer Paus, de Wirtschafts- a Sozialrot dëst Joer erëm en Avis redigéieren iwwert déi wirtschaftlech, finanziell a sozial Entwécklung vum Land.

No sechs Joer Paus, en Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot

Deen Avis wäert awer anescht si wéi an der Vergaangenheet, wou eng komplett Analys vun der ganzer finanzieller, sozialer a wirtschaftlecher Situatioun gemaach gi wier. Dat soll ewech falen. Am Virfeld vum neien Avis wäerten déi verschidde Positioune vun de Sozialpartner opgelëscht an debattéiert ginn. Dorausser soll dann den Avis entstoe mat "vläicht" gemeinsame Positiounen. "Do wäert een net lauter Gemeinsamkeeten erausfannen." Op d'mannst géing et awer en Index vu Meenunge ginn.

Den Interessi dovu wier, datt zumindest emol déi dräi Parteien op engem Dësch sëtzen. De Sozialdialog wier virun e puer Joer an der Pann gewiescht. Dat hätt sech mëttlerweil liicht geännert. "Mam "europäesche Semester" gouf e gudden Ufank geholl, fir de sozialen Dialog ze relancéieren", seet de Marco Wagener. D'Gewerkschaften an d'UEL wieren zesummen un d'Regierung erugetrueden, fir ze froen, fir sech erëm zesummenzesetzen.

Déi vun de Gewerkschafte gefuerdert zéng Prozent Hausse vum Mindestloun wäert derbäi e Sträitpunkt bleiwen, mengt de Marco Wagner.

De Marco Wagner vun der Salariatskummer huet fir den LCGB fir zwee Joer de Virsëtz iwwerholl vum "Wirtschaft- a Sozialrot" (Conseil économique et social "CES")

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Nora Back Exklusiv
Fleege- a Sozialsecteur

Gewerkschaften an Employeure gi sech net eens iwwer de Kollektivvertrag am Fleege- a Sozialsecteur. Den OGBL huet elo ee Bréif un d'Schlichtungsamt geschriwwen. Ee Streik ass net ausgeschloss.

Patrick Dury
Garantéierte Mindestloun

Den LCGB-President Patrick Dury formuléiert keng prinzipiell Kritik um Projet vun der Regierung, mä fuerdert Präzisiounen. Notamment zur zukünfteger Roll vun de Beschäftegungsinitiativen.

André Roeltgen
Onofhängege Gewerkschaftsbond

Den OGBL-President André Roeltgen lueft d'Regierung ënnert anerem fir d'Steierreform. Mee et gëtt och Kritik: D'Gewerkschaft wier nach ëmmer vu villen Diskussiouns-Plattformen ausgeschloss.

Steve Heiliger
Fonction Publique

De Steve Heiliger ass deen neie Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft. Mat him geet Rieds iwwer de Gehälteraccord an der Fontion publique an d'Positioun vun der CGFP.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen