Den aktuelle Chamberpresident Mars Di Bartolomeo ass zefridde mat senger Roll als Chamberpresident, hie kéint sech awer och virstellen, erëm als Deputéierten ze schaffen, och an der Oppositioun. E System, an dem de Chamberspresident een eegene Statut hätt an net zur Majoritéit oder zur Oppositioun géif gehéieren, kéint hie sech awer och virstellen. Esou ee politesch neutrale Chamberpresident kéint "engem Majoritéitspolitiker, grad sou wéi engem Oppositiounspolitiker d'Meenung soen, wann dee laanscht den Dill trëfft", seet de Mars Di Bartolomeo.
Chamberaarbecht huet Prioritéit
Vill Chamberdeputéitert wiere gläichzäiteg och Gemengepolitiker. D'Chamber misst dofir, ëmmer méi dacks, Récksiicht op de Kalenner an de Gemengen huelen. Fir de Mars Di Bartolomeo huet d'Aarbecht an der Chamber Prioritéit. Déi zwou Aktivitéite missten esou organiséiert ginn, datt se parallel kéinte fonctionnéieren. Et dierft net sinn, datt Sitzunge vu Chamberkommissiounen ofgesot géife ginn, well dee selwechten Dag och ee Schäfferot wier. "Wann et e wichtege Projet ass, dann kann een och emol e Schäfferot réckelen", sou de Mars Di Bartolomeo.
Verfassungsreform
Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry sot rezent, datt den Text vun der Verfassungsreform nach an dëser Legislaturperiod sollt ofgeschloss ginn. D'CSV ass do dogéint. D'Verfassungsreform géing deemno riskéieren, net méi an dëser Legislatur gestëmmt ze ginn. GARE. Et misst een nach op en definitive Rapport vun der zoustänneger Chamberkommissioun waarden. Hie wier sech sécher, datt d'Aarbecht, déi virun de Wahle geleescht gouf, och no de Wahle respektéiert géif ginn, egal wéi eng Majoritéit un de Pouvoir kéim.