Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Celebrate The Abundance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ettelbréck: Handlungsbedarf beim Problem vum Trafic

Gemengewahlen 2017

Ettelbréck: Handlungsbedarf beim Problem vum Trafic

D'Nordstad, d'Sécherheet zu Ettelbréck, de Quartier Gare an de Stroossentrafic: dat waren déi grouss Themen am Face-à-Face tëschent dem Marthy Thull (déi gréng) an dem Jean-Paul Schaaf (CSV). Déi Ettelbrécker CSV fuerdert vun der Regierung séier Pläng fir eng Umgehungsstrooss a Richtung Feelen.

auto_stories

3 min

D'Regierung soll direkt mat de Planungsaarbechte fir eng Umgehungsstross Ettelbréck-Feelen ufänken: dat huet den Ettelbrécker CSV-Spëtzekandidat Jean-Paul Schaaf gefuerdert.

Vill Trafic duerch méi grouss Nopeschgemengen

An den neie sektorielle Pläng soll dës Strooss als eng éischt Prioritéit zréckbehale ginn, esou den aktuelle Buergermeeschter. Op Dauer wier et net ze packen, datt de Stroossentrafic aus den Nopeschgemenge vun der Nordstad zu Ettelbréck zesummeleeft. D'Gemenge ronderëm d'Nordstad géife ganz staark wuessen.

Déi Ettelbrécker Gréng gesinn eng Umgehungsstrooss net als Allheelmëttel, esou d'Spëtzekandidatin Marthy Thull. Et kéint e verstoen, datt dës Strooss grad wéi an de leschten 30 Joer nach ëmmer keng Regierungsprioritéit wier. De Gesamtinvestissement vu 750 Milliounen Euro a Projeten an der Nordstad, z. B. deen neien Amenagement vum Ettelbrécker Quartier Gare, géif och verkéierstechnesch Fortschrëtter bréngen, hofft déi gréng Politikerin.

Den CSV-Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf ass iwwerzeegt, datt d'Problemer fir de Verkéier a fir d'Awunner duerch dëse grousse Chantier zu enger "onhaltbarer Situatioun" géif féieren. Problemer kéinten et awer mat de Parkplazen op der Ettelbrécker Gare ginn. De Chantier soll bis op d'mannst 2024 daueren.

Wunnen zu Ettelbréck

Am Beräich Wunnengsbau géif et zu Ettelbréck e groussen "Nachholbedarf" ginn, huet déi gréng Kandidatin ënnerstrach. Fir bezuelbar Wunnenge kënnen unzebidden, misst d'Gemeng eng aktiv Roll spillen, dat heescht gezielt opkafen a renovéieren zum Beispill.

D'CSV weist sech zefridden, datt Ettelbréck erëm an der Situatioun wier, fir jonke Mënschen "een neit Doheem kënnen ze ginn". Gläichzäiteg gi vun de Promoteure streng Qualitéitscritère gefuerdert, huet de Jean-Paul Schaaf explizéiert. E Beispill ass e Maximum vun aacht Unitéite pro neit Wunnhaus.

Méi Police fir méi Sécherheet?

No engem staark mediatiséierte Mordfall 2015 zu Ettelbréck gouf partei-iwwergräifend e Sécherheets-Aktiounsplang decidéiert: Dora war ë. a. méi Police-Präsenz virgesinn. Et wier wichteg, de Leit e bessert Sécherheetsgefill am Zentrum vun Ettelbréck ze ginn, esou d'Marthy Thull.

Fir dëst Ziel z'erreechen, wëllt déi Ettelbrécker CSV op eng verstäerkte Kamera-Iwwerwaachung setzen. De Jean-Paul Schaaf hofft, datt d'Regierung den néidege Kader dofir schaaft. Plazen, op deenen d'Leit e Problem hunn, kéinten dee Moment mat Kameraen iwwerwaacht ginn.

Zesummenaarbecht an der Nordstad

Ettelbréck ass déi gréisst vun de sechs Nordstad-Gemengen. Déi Ettelbrécker Gréng wënsche sech déi selwecht Taxen a Steieren an deene verschiddene Gemengen. Generell soll méi staark zesummegeschafft ginn. Fusioune si fir d'Marthy Thull keng éischt Prioritéit.

D'CSV-Sektioune vun Ettelbréck an Dikrech weise sech bereet, fir Fusiouns-Gespréicher mat den Nopeschgemengen. Et solle Gespréicher mat oppenem Resultat sinn, esou de Jean-Paul Schaaf. Hie géif absolut u Fusioune gleewen, esou den CSV-Politiker, deen zënter 2003 Buergermeeschter ass.

Ziler fir den 8. Oktober 2017

Déi Ettelbrécker Gréng wëlle bei de Gemengewahlen den 8. Oktober een drëtte Sëtz kréien. Bei de leschte Wahlen 2011 hat d'Partei sech vun engem op zwee Sëtz am Gemengerot verbessert.

D'CSV wëllt den iwwernächste Sonndeg déi stäerkste Fraktioun am Gemengerot bleiwen, mat op d'mannst fënnef Sëtz, sou wéi déi lescht sechs Joer. 2011 war d'CSV zu Ettelbréck vu sechs op fënnef Sëtz gefall.

Bei de Gemengewahlen zu Ettelbréck triede véier Parteien un: déi béid Parteien aus der aktueller CSV-LSAP-Koalitioun grad wéi déi béid Oppositiounsparteien déi gréng an DP.