Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Hansen: "Eng zolidd Oppositioun maachen"

Nei CSV-Fraktiounscheffin

Martine Hansen: "Eng zolidd Oppositioun maachen"

D'CSV hätt hir Wäerter, déi am Mëttelpunkt solle bleiwen: Solidaritéit, Toleranz, de Mënsch am Mëttelpunkt, Nohaltegkeet a Gerechtegkeet. "Mat eis gëtt et kee Riets-Ruck, mee éischter e Proximitéits-Ruck fir mat de Leit ze schaffen", esou déi nei Fraktiounscheffin Martine Hansen.

auto_stories

4 min

D'Gefor vun engem Rietsruck bei der CSV geséich si net, seet d'Martine Hansen. De Marc Spautz, deen am Januar als Parteipresident ophält, hat dës Woch virun esou engem Rietsruck gewarnt. Och de soziale Profil bei der CSV soll erhale bleiwen, esou d'Martine Hansen haut an der Emissioun Riicht eraus.

Wat d'Erneierung vun der CSV ugeet, sollen am Virfeld vum Nationalkongress vum 26. Januar 2019 Hearingen organiséiert ginn. D'Kandidate fir d'Poste vum Parteipresident a vum Generalsekretär solle sech an de véier Bezierker richteg virstellen, esou déi nei Fraktiounscheffin. An d'Parteimembere sollen de Kandidate kënne Froe stellen.

D'Martine Hansen war e Mëttwoch als nei Fraktiounscheffin vun der CSV gewielt ginn: si ass déi éischt Fra op dësem Posten. Dat géif awer fir si keng Roll spillen. Fraen an der Lëtzebuerger Politik géifen hirer Meenung no net anescht behandelt oder anescht kritiséiert gi wéi Männer.

LSAP 2013: "kee richtege Koalitiounspartner méi"

Member vun der CSV ass d'Martine Hansen zanter ronn zéng Joer. Am Joer 2013 war si fir aacht Méint Fuerschungs- an Héichschoulministerin an der Regierung Juncker-Asselborn II. Dat wier eng "spannend, stiermesch an interessant Zäit" gewiescht. Si hätt ni wëlles gehat an d'Politik ze goen. De Jean-Claude Juncker hätt si 2013 kontaktéiert, mat der Offer fir Member vun der Regierung ze ginn.

An der deemoleger CSV-LSAP-Koalitioun wier et net ëmmer eng schéin Zäit gewiescht: d'LSAP wier deemools "kee richtege Koalitiounspartner" méi gewiescht, huet d'Martine Hansen erzielt. Dat géigesäitegt Vertrauen hätt gefeelt. "Och duerch esou eng Zäit gëtt een net méi domm".

LSAP 2018: staarke Wandel

"D'LSAP schéngt definitiv Problemer ze hunn", esou kommentéiert déi nei CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen déi - Zitat "onpassend Aussoe" géint d'CSV um LSAP-Kongress en Dënschdeg zu Stroossen.

Nom Sëtz-Verloscht vun der LSAP bei de Chamberwahle wier et sënnvoll, datt d'LSAP mol no hire Problemer géif kucken, fënnt d'Martine Hansen. D'CSV-Fraktiounscheffin huet sech an der Emissioun Riicht eraus och d'Fro gestallt, wéi e Bild d'LSAP vun der CSV huet. Dem Martine Hansen no hätt d'LSAP sech an de leschte fënnef Joer staark gewandelt, "bestëmmt net zu hirem Virdeel".

D'LSAP géif alles maache fir net an d'Oppositioun ze goen. An der LSAP géif et "just ëm d'Käpp goen" an net ëm d'Inhalter, esou déi nei CSV-Fraktiounscheffin.

Analys vum neie Koalitiounsaccord

Am Accord vun DP, LSAP an déi gréng vermësst si virun allem eng "richteg Visioun": e richtege roude Fuedem géif feelen, stellt d'Martine Hansen fest. Léisunge fir d'Wuesstemsfro géife feelen: "Ech weess net a wéi eng Richtung d'Land soll goen no Gambia".

Der CSV-Fraktiounscheffin no géifen déi 400 Milliounen Euro zousätzlech Steierrecettë pro Joer, vun deenen de Vize-Premier Etienne Schneider geschwat huet, net duer goen, fir all Mesuren aus dem Koalitiounsaccord ze finanzéieren. Dësen Accord wier e "Schéi-Wieder-Pak".

Wat déi geplangten nei Verfassung ugeet géif d'CSV nach ëmmer zum Text stoen, wéi e virun de Wahle festgehale gi war. Si géif hoffen, datt déi geplangten nei Constitutioun bannen den nächste fënnef Joer kënnt.

Cannabis-Legaliséierung: Warnung vun der CSV-Fraktiounscheffin

Als CSV wier e kritesch, wat déi geplangte Legaliséierung vu Cannabis ugeet. Vill Froe wieren nach net gekläert. "Dat däerf een net banaliséieren: Cannabis ass awer eng Drog, déi bei Jugendleche geféierlech ka sinn", huet d'Martine Hansen gewarnt.

An hirer Zäit als Directrice vun der Akerbauschoul hat d'Martine Hansen 2011 Schüler zu Drogentester forcéiert. Wéinst hirer Verantwortung wier si deemools op dee Wee gaangen. Vill Eltere wiere richteg erféiert gewiescht, wéi si héieren hunn, datt hir Kanner reegelméisseg Cannabis fëmmen. Wat de Konsum bei Jonken haut ugeet, wier d'Situatioun "zimlech dramatesch", esou d'Martine Hansen.

Gilets jaunes: Hoffnung, datt et hei am Land roueg bleift

"Dat ass jo dramatesch, wat do ofleeft", esou kommentéiert déi nei CSV-Fraktiounscheffin d'Protester vun de Gilets jaunes a Frankräich an an der Belsch. Si géif hoffen, datt dës Protester net op Lëtzebuerg iwwerschwappen, huet d'Martine Hansen betount. Verschidden Annoncen am Koalitiounsaccord, wéi déi méi héich Spritpräisser an d'Reduktioun vun der Kilometerpauschal géifen awer net onbedéngt dogéint schaffen. Dat géif hir e wéineg Angscht maachen, esou d'Martine Hansen.

Si schléisst net aus, datt d'Regierung verschidde Mesuren no hanne réckelt, fir keng Protester hei am Land ze riskéieren. "Ech ginn dovun aus, datt se vläicht méi wëlles haten, wéi dat wat elo direkt geschitt", huet d'CSV-Fraktiounscheffin zu de Pläng fir méi héich Bensin- an Diesel-Präisser gesot.