Regierungsaccord Martine Hansen: "Regierungsaccord ass Schéiwiederpak"

An der Chamber-Debatt iwwer d'Regierungserklärung huet déi nei CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen de Moie kritiséiert, datt den Accord vun DP, LSAP an déi gréng alles wéi keng Zukunftsvisioun fir Lëtzebuerg wier. Si huet vun engem "Schéiwiederpak", vu "kuerzfristegem Aktionismus" a vun "Symbolpolitik" geschwat. Sozial Selektivitéit géif et am Regierungs-Vertrag praktesch keng ginn.

Serge Kesseler / Carole Schimmer / cz

Martine Hansen fir RE0R.JPG
Martine Hansen (CSV)

Den neie Koalitiounsaccord wier e Katalog vun Eenzelmesuren, ee Kaartenhaus aus eenzele Kapitelen, dat beim éischte Wandstouss géif riskéieren ëmzefalen, esou d'Oppositiounsleaderin Martine Hansen de Moien um Krautmaart. "Et ass een Zweckofkommes fir eng Zweckkoalitioun."

Weider Onkloerheet iwwer finanziellen Impakt vu Koalitiounsaccord

Anescht wéi am Regierungsvertrag vun 2013 stéing an der Versioun vun 2018 de Begrëff "gemeinsame Projet" net méi dran, huet d'CSV-Fraktiounscheffin festgestallt. Am Vertrag stéingen och keng kloer Ziler a Saache Croissance. Dobäi wier awer kloer, datt Lëtzebuerg an den nächste Joren "ganz zolitte Wuesstem" bräicht, "fir dësen Dräier-Katalog ze stemmen".

Den DP-Fraktiounspresident huet de Koalitiounsaccord verdeedegt. Et wier een ambitiéise Projet vun der Gerechtegkeet an der Nohaltegkeet vun der Gesellschaft. Den Eugène Berger begréisst och, datt d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen déi meescht Moossnamen am Koalitiounsaccord mat ënnerstëtzt. Hir Kritik, datt de Programm d'Staatsfinanze géife strapazéieren, léisst den Eugène Berger net stoen. Och den Alex Bodry, LSAP-Fraktiounspresident, huet ënnerstrach, datt d'Dräierkoalitioun d'Staatsschold am Grëff huet. Iwwerdeems wieren d'Pensiounsreserven héich. Hien huet awer zouginn, datt dat mat Hëllef vun der gudder konjunktureller Situatioun méiglech war.

Zu enger weiderer Kritik vun der CSV, datt de Koalitiounsprogramm net chiffréiert gouf, sot den Alex Bodry, datt d'CSV deen deierste Wahlprogramm hat. Iwwerdeems hätt nach ni eng Koalitioun ee Programm chiffréiert.

"Dramatesch Situatiounen am Logement"

D'Martine Hansen huet e bessere Logements-Bilan wéi an der leschter Regierung verlaangt, mat méi Offer an engem méi séiere Bauen. "Een normal verdéngende Mënsch, eng normal verdéngend Famill ka sech kaum nach een Eegenheem hei zu Lëtzebuerg leeschten: an dat ass dramatesch."

De Mobilitéitsproblem am Land géif een net iwwer eng Gratuitéit vum ëffentlechen Transport léisen, esou d'Martine Hansen an hirer Ried. Bus, Zuch an Tram misste méi attraktiv gemaach ginn. Kritesch ass d'CSV-Fraktiounscheffin bei de Regierungspläng fir Changementer bei der Kilometerpauschal. Virun allem Leit, déi am ländleche Raum wunnen, géifen doduerch gestrooft ginn, esou d'Martine Hansen. "Déi ginn u sech dräi Mol bestrooft: si profitéieren net vun der Gratuitéit, si kréien d'Kilometerpauschal gekierzt a si mussen herno nach eng Kéier extra op der Pompel berappen."

Fragil Regierungsmajoritéit an der Chamber

An hirer Ried huet d'Martine Hansen och d'Zesummesetzung vun der Regierung kritiséiert. D'Tatsaach, datt d'Dräierkoalitioun an der Chamber nëmmen 31 Sëtz huet, géif bedeiten, datt all Majoritéits-Deputéierten e Veto-Recht hätt. Der CSV-Fraktiounscheffin no géif et dowéinst eng "Wackelgefor" vun der Majoritéit ginn, déi zu engem absolute Stëllstand kéint féieren.

"Gambia" versus "Regierung"

A bei der Ried vun der neier CSV-Fraktiounscheffin huet de Minister François Bausch de Moien un d'Martine Hansen appelléiert, d'Dräier-Koalitioun vun DP, LSAP an déi gréng net méi "Gambia" ze nennen. "Mir sinn eng demokratesch gewielte Regierung", huet de grénge Minister ënnerstrach.

Méi zum Thema

Chamber
Regierungserklärung

Nodeems de Premierminister Xavier Bettel der Chamber gëschter de Regierungsprogramm virgestallt huet, kommen haut d'Deputéiert vun de Majoritéitsparteien a vun der Oppositioun zu Wuert. Suivéiert eise Liveticker.

Regierungserklärung Bettel Chamber
Regierungserklärung

63 Minutten huet d'Regierungsdeklaratioun vum Xavier Bettel gedauert. De Premierminister gëtt zou: de Regierungsprogramm huet "e finanziellen Impakt". Déi aktuell Situatioun géif dat awer erméiglechen.

Alex Bodry
Chamberwahlen 2018

Den Alex Bodry bleift just nach ee Joer Fraktiounschef, wëllt säi Mandat als Deputéierten duerno awer behalen. D'LSAP bräicht eng Erneierung op alle Pläng, déi vun den Iddie wier awer déi wichtegst.

Martine HANSEN Riicht Eraus
Nei CSV-Fraktiounscheffin

"Ech hoffen, datt d'Majoritéit sech muss waarm undinn", seet d'CSV-Fraktiounscheffin. D'CSV wier elo an der Oppositioun, dat géif hir keng Freed maachen, mee et wéilt ee mat voller Energie no vir goen.

Den Etienne Schneider, de Xavier Bettel, d'Corinne Cahen an de Félix Braz.
Chamberwahlen 2018

DP, déi gréng an LSAP hunn no annerhallwem Mount Verhandlungen ee Regierungsprogramm ënnerschriwwen. Eng éischt Analys vun den 246 Säiten, iwwer déi d'Parteigremien nach mussen ofstëmmen.

De Félix Braz, den Etienne Schneider, d'Corinne Cahen an de Xavier Bettel
Koalitiounsverhandlungen

Éischt Mesuren aus dem Koalitiounsaccord goufen den Donneschdeg presentéiert. D'Ënnerschrëft ass fir e Méindeg, d'Vereedegung vun der neier Regierung fir e Mëttwoch geplangt. En Iwwerbléck vun de geplangte Moossnamen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen