Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - Get Around To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Kirsch : "De politesche Wëllen ass net do"

Inklusioun

Martine Kirsch : "De politesche Wëllen ass net do"

D'Associatioun Zesumme fir Inklusioun zitt kee positive Bilan vum Inklusiounsystem zu Lëtzebuerg. An de Beräicher Educatioun, Santé an Transport géing villes net klappen, well kee politesche Wëllen do wier.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

Ronn 15 Prozent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg géinge mat engem Handicap liewen. Nach ëmmer géinge Leit mat enger Behënnerung vum gesellschaftleche Liewen ausgeschloss ginn, kritiséiert d'Martine Kirsch, déi zanter 2016 Presidentin vun der asbl ZeFI ass.

Kee politesche Wëllen

D'Martine Kirsch argumentéiert, datt et lauter speziell Strukture géife ginn an een dovu wech misst kommen. Et wier ee Prozess dee laang géif daueren, well de politesche Wëllen net do wier.

Dat géing een um Beispill vun der Schoul gesinn, erkläert de Constat vun der Martine Kirsch. An der Moyenne géing et zéng Méint dauere bis e Kand mat enger Behënnerung eng Prise en Charge kritt.

Grad an de Schoule géif et e Problem vun de Ressource ginn, d'selwecht wier et bei de Spezialisten, déi d'Kanner begleeden. D'Martine Kirsch ass der Meenung, datt d'Demarchë vun A-Z vill ze laang wieren.

Vill Gedold am Alldag

Leit mat enger Behënnerung misste vill Geldold am Transport matbréngen, seet d'ZeFI-Presidentin. Den Adapto oder de Mobibus kéimen dacks ze spéit oder géingen iwwerhaapt net fueren. De Mobilitéitsminister François Bausch hat dozou an enger Froestonn an der Chamber erkläert, datt d'Retarde beim Adapto zum Deel duerch d'Verkéiersproblematik bedéngt wieren.

Fir den Transportsystem ze verbessere géing d'Reservéierungsplattform vereinfacht ginn an den Horaire vun 10 op 11 Auer Owes ausgebaut ginn. Der Martine Kirsch no, misst een awer och kucken, datt spezialiséiert Personal d'Kanner mat enger Behënnerung am Bus begleet. Si géif et wichteg fannen, wa Kanner mat Verhalensstéierungen eng Begleetpersoun am Bus hätten.

Am Gesondheetswiese géing et e Manktem u spezialiséiertem Personal gi fir mam Handicap ëmzegoen, fënnt d'Martine Kirsch. Dat géing schonn do ugoen, wann ee mat engem Kand misst bei den Zänndokter goen.

Et kéint een net einfach eng Sprëtz maachen an dann den Zant plombéieren, mee et misst eng Anesthésie gemaach ginn. Méi problematesch géifen et awer da mat den Delaie ginn. Do misst een da néng Méint waarde bis een ee Rendezvous géif kréien.

Vill Problemer gi net richteg ugepaakt

Mat enger Prioritéit fir Leit mat enger Behënnerung - och an den Urgencen - kéint een deem entgéint wierken, mengt d 'Presidentin vun "Zesumme fir Inklusioun". Vill Problemer géingen net richteg ugepaakt ginn. Aus deem Grond bléckt d'Martine Kirsch och dem nationalen Aktiounsplang 2.0 fir Inklusioun éischter pessimistesch entgéint.

"Ech denken zum Beispill un d'Tutelle-Gesetz. Ech hunn do mat verschidde Politiker geschwat an da kritt een ëmmer esou ze héieren : "Jo, ech sinn do an där Kommissioun, mee mir schaffen awer do drun.", mee dat geet elo scho Joren a Joren an et geet einfach net weider. Ech mengen do muss iergendwann eng Kéier och e Resultat kommen an et si ganz vill Saachen, wou mer am Aktiounsplang einfach hannendrun hinken an dat kréie mer, denken ech, och net bis 2024 hin."

Bedenklech fënnt d'Martine Kirsch, datt d'Parteien d'Thema Inclusioun och bis elo an dësem Superwaljoer net um Schierm hätten. Et géing net duergoen einfach eng Ramp an de Gemengen ze installéieren. Leit mat engem Handicap géingen och net all an engem Rollstull sëtzen.