Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Epi (feat. Ómar Guðjónsson)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Pyroman Pompjeeën"

Israel-Palästina-Konflikt

"Pyroman Pompjeeën"

Israel géif haut net méi d'Judden an der Diaspora an hir Wäerter verdeedegen, mee seng Besatzungs- a Kolonisatiounspolitik. Dat seet d'Presidentin vum Comité pour une paix juste au Proche-Orient. Den Alldag an déi humanitär Situatioun vun de Palästinenser an de besate Gebidder an an der Gazasträif hätt sech déi lescht Jore verschlechtert, seet d'Martine Kleinberg. Am ëffentlechen Debat zu Lëtzebuerg géifen dacks geféierlech Vermëschunge gemaach.

auto_stories

2 min

D'Situatioun an der Regioun wier sou dramatesch wéi nach ni, an et géif akut u finanzielle Mëttele feelen, seet d'Martine Kleinberg. De Comité pour une paix juste au Proche-Orient appelléiert un d'Lëtzebuerger Regierung, fir sou séier wéi méiglech de Staat Palästina un ze erkennen.

Dofir appelléiert de Comité pour une paix juste au Proche-Orient un d'Lëtzebuerger Regierung, fir sou séier wéi méiglech de Staat Palästina unzëerkennen. Et géing ëm d'Erhale vum palästinensesche Vollek goen, sou d'Presidentin vum Comité Martine Kleinberg. De Lëtzebuerger Ausseminister hat gesot, datt wa Frankräich Palästina géif unerkennen, datt Lëtzebuerg dëse Schratt och géif maachen.

"Pyroman Pompjeeën"

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser géif heefeg Aussoe maachen an deenen hie Judden, Israeli an d'israelesch Regierung géif matenee vermëschen. Dat géif zu antisemitesche Viruerteeler bäidroen. Hir géif d'Racilalisatioun vum Denke Suerge maachen. "Dat setzt eng grouss Aarmut vun der Reflexioun am Denke viraus", mengt d'Martine Kleinberg.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser hat dem CPJOP reprochéiert, antisemitesch Positiounen ze vertrieden. De Comité an hir Presidentin Martine Kleinberg hunn doropshin eng Plainte géint de Fernand Kartheiser gemaach. Si reprochéiert dem Fernand Kartheiser, dem CSV-Deputéierte Laurent Mosar an der israelescher Regierung, fir mat der Vermëschung vu Judden, Israeli an der israelescher Regierung wéi pyroman Pompjeeën ze agéieren.

Lëtzebuerg muss sech beweegen

Si kéint verstoen, datt Lëtzebuerg wéinst senger Gréisst aner Alliéiert géif brauchen. "Mee wann déi aner Länner sech net beweegen, da muss Lëtzebuerg sech beweegen", seet d'Martine Kleinberg. Et wier eng Mesure fir d'Erhale vum palästinenseche Vollek, fir de palästinensesche Staat unzëerkennen.

Et géife regelméisseg Incursioune vun der israelescher Arméi an déi palästinensesch Campen. Zum Beispill am Camp zu Jenine an am Camp vun Aida zu Betlehem, wou si rezent gewiescht wier. Matzen an der Nuecht géifen israelesch Zaldoten an Haiser andréngen, "stellt Iech déi traumatiséiert Kanner vir, déi aus Angscht Pippi op sech maachen".

De Projet vum Comité pour une paix juste au Proche-Orient am Camp vu Jenine soll Kanner dozou bréngen, net selwer gewaltvollt Verhalen ze entwéckelen. Dës Aarbecht géif vun der israelescher Arméi a Gefor bruecht ginn. D'Martine Kleinberg begréisst engersäits, datt Lëtzebuerg humanitär Projeten a Palästina finanzéiert, fir de Konsequenze vun der Besatzung a vun der Kolonisatioun entgéint ze wierken. Op der anerer Säit géif déi Lëtzebuerger Regierung eng ganz enk wirtschaftlech Kooperatioun mat Israel ustriewen.