Radioen

On air

Tockcity  |  The Flints - Midnight Sunrise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Reicherts: "D'Sue qualitativ besser asetzen"

Recherche

Martine Reicherts: "D'Sue qualitativ besser asetzen"

Déi nei Presidentin vum Fonds National de la Recherche begréisst, datt d'Regierung méi Sue fir d'Fuerschung ausgëtt. De Moment wieren et ronn 0,7 Prozent vum Brutto-National-Produkt. Lëtzebuerg kréich um europäeschen Niveau recommandéiert, datt et ee Prozent soll sinn. "Wa mir e bësse méi kéinte kréien, wier et natierlech ëmmer besser", sou d'Martine Reicherts, déi zanter knapp dräi Méint FNR-Presidentin ass. D'Fro wier awer och, wéi een d'Sue qualitativ besser kéint ausginn.

auto_stories

2 min

Den FNR huet fir den Zäitraum 2018 bis 2021 ronn 265 Milliounen Euro vum Staat zur Verfügung fir an ëffentlech Fuerschungsprojeten ze investéieren.

D'Martine Reicherts gesäit awer och Potential a weideren ëffentlech-private Partnerschaften an der Fuerschung. Lëtzebuerg wier ze kleng, fir "nëmme Fuerschung ze maache fir Fuerschung ze maachen". D'Zesummenaarbecht mat der SES wier ee Beispill. D'Entreprise géif Ingenieuren a Leit aus der Héichtechnologie brauchen, dofir géif den FNR beispillsweis Doktorater finanzéieren. Persounen, déi vun esou engem Doktorat profitéieren, kéinten nieft hirer Aarbecht weider fuerschen.

Den FNR huet d'Basis vun der nationaler Fuerschungs- an Innovatiounsstrategie geschaaft

Den FNR hätt och e Matsproocherecht beim Ausschaffe vun der neier nationaler Fuerschungs- an Innovatiouns-Strategie gehat, déi d'Regierung Enn 2019 ugeholl huet, seet d'Martine Reicherts. Et wier "bottom-up" geschafft ginn. Dat heescht konkret, datt de Comité scientifique vum FNR am Mee en éischte Pabeier un déi concernéiert Ministère ginn huet. Dono hätt de Fuerschungs- an Héichschoulministère d'Koordinatioun iwwerholl an och aner Acteuren ëm hiren Avis gefrot.

An der neier Strategie ginn d'Schwéierpunkten definéiert, an deenen et Fuerschungs-Bedarf gëtt. Den FNR beréit d'Regierung bei hirer Politik respektiv hirer Strategie a Saache Fuerschung. Déi zentral Aufgab vum FNR ass et, fir eng héichkaräteg Fuerschung hei am Land ze garantéieren.

Groussen Interessi fir Fuerschung an Erzéiung

D'Martine Reicherts ass zanter dem leschten 1. Dezember um Presidenteposte beim Etablissement Public Fonds National de la Recherche (FNR). Virdrun huet si 34 Joer laang (1984-2018) a verschiddene Funktioune fir d'EU-Kommissioun geschafft, a si war fir kuerz Zäit EU-Justiz-Kommissärin.

Eng Motivatioun fir de Poste beim FNR unzehuele wier hir Passioun fir Fuerschung an Erzéiung gewiescht. Op hirem leschte Poste war si op europäeschem Niveau responsabel fir den Erasmus-Programm a fir de Programm Marie Curie Skłodowska. "Dat ass dee wëssenschaftlechen Deel, wou Bourssen ausgedeelt ginn um europäeschen Niveau."