Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Solovieff géif Bréif u Chamberpresident "nach eng Kéier schreiwen"

Justiz

Martine Solovieff géif Bréif u Chamberpresident "nach eng Kéier schreiwen"

D'Procureur général d'Etat bedauert net, datt si am August e Bréif un de Chamberpresident geschéckt hat, an deem si sech kritesch iwwer eng parlamentaresch Fro geäussert hat. Si géif dee Bréif haut nach eng Kéier esou schreiwen. Si hätt awer festgestallt, datt den Niveau vun de Froen elo tipptopp wier, "ech hunn do absolutt näischt ze beanstanden."

auto_stories

2 min

D'Martine Solovieff ass Procureur général d’Etat

D'Martine Solovieff huet drop higewisen, zu Lëtzebuerg géif et traditionell en direkten Austausch ginn tëschent Justiz an dem Parlament. Si begréisst dofir, datt no hirem Bréif iwwer d'Gewaltentrennung diskutéiert gi wier. D'Chamber an d'Justiz géifen elo an "Harmonie" funktionéieren.

5G: Ee Risiko fir d'Sécherheet?

Vill Leit stelle sech d'Fro, ob d'5G-Technologie gesondheetsschiedlech Strale mat sech bréngt. Mee d'Procureur général d'Etat gesäit nach eng aner Gefor. Si warnt viru Sécherheetsrisiken, wann d'5G-Technologie ageféiert gëtt.

D'Martine Solovieff seet, de Risiko géif bestoen, datt mat der neier Technologie keng Verdächteger méi kënnen ofgelauschtert ginn. An deem Fall wier de Kampf géint d'Kriminalitéit zum Deel verluer:

"Wann dir net kënnt oflauschteren an deene wichtegen a groussen Affären, wat um Telefon geschwat gëtt, da kenne mer näischt méi ufänken. Wa mir dat net méi kënnen asetzen, dann hu mer fir e gewëssene Beräich de Krich verluer. Mir si souwisou an der Kriminalitéit ëmmer hannendrun. A wa mir déi normal Mesuren net méi hunn, déi mir elo op legaler Basis kënnen asetzen - da kënne mir näischt méi ufänken."

D'Martine Solovieff seet, datt och EU-wäit gekläert misst ginn, datt d'Provideren déi Lizenze misste kréien, esou datt d'Justiz Messagë kéint dekryptéieren.

Si hätt d'Justizministesch op dës Gefor opmierksam gemaach, esou d'Procureur général d'Etat. Eng Äntwert hätt si awer bis elo net kritt. D'Lëtzebuerger Mobilfunknetzer sollen nach dëst Joer op 5G ëmgestallt ginn.