Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Solovieff Informateur genannt

Chamberwahlen 2018

Martine Solovieff Informateur genannt

D'Procureure Générale Martine Solovieff gouf vum Grand-Duc zum Informateur genannt. Dat huet de groussherzoglechen Haff de Méindeg den Owend kuerz no 18 Auer annoncéiert. Den Informateur soll mat de Parteie schwätzen, se froen, wéi si d'Wahlresultat gesinn, a wéi eng Koalitiounsméiglechkeete si gesinn. Duerno mécht den Informateur e Rapport beim Grand Duc.

auto_stories

3 min

Martine Solovieff

D'Aarbecht vun der Martine Solovieff soll den Dënscheg ufänken, sot de Premier Xavier Bettel. Hie rechent iwwregens domat, datt den Informateur bannen 48 Stonne seng Aarbecht wäert ofschléissen. Duerno soll de Grand Duc e Formateur nennen. Iwwermuer fiert de Xavier Bettel op Bréissel fir do um EU-Sommet deelzehuelen.

Haut goufen iwwerdeems all d'Presidente vun de Parteien, déi de Sonndeg an de véier Bezierker vertruede waren, de President vum Staatsrot an de Chamberpresident vum Grand Duc empfaangen.

De Wirtschaftsminister a Vizepremier Etienne Schneider gesäit net an, "firwat eng Koalitioun vun de Verléierer sollt gemaach ginn, fir déi heiten ofzewielen." Et wier elo awer um Grand-Duc, fir e Formateur oder en Informateur ze nennen, sou den Etienne Schneider, virun der Annonce vun der Martine Solovieff als Informateur.

Fir den Nohaltegkeetsminister François Bausch spillt et keng Roll, ob fir d'éischt e Formateur genannt gëtt, oder een Informateur. "Ob Formateur oder Informateur - mir kënne mat all Variant liewen. Fait ass, datt de Wëlle besteet vun deenen Dräi fir weiderzefueren", sou de François Bausch, virun der Annonce vun der Martine Solovieff als Informateur.

Christian Kmiotek: "Frou iwwer Reequilibrage zu Gonschte vun déi gréng"

Gambia wier net ofgewielt ginn, ganz am Géigendeel. Dat sot de grénge Parteipresident Christian Kmiotek de Méindeg de Moien no der Reunioun vum Exekutiv-Virstand vu senger Partei.

"D'Dräierkoalitioun behält eng Majoritéit. Den Executivkommittee vun der Partei huet eestëmmeg decidéiert, fir a Koalitiounsverhandlungen ze goen, innerhalb vun der Dräierkoalitioun", sou de Christian Kmiotek.

Iwwer méiglech Ressortverdeelungen oder eventuell Uspréch vun deene Gréngen, fir zum Beispill de Vize-Premier ze stellen, wier den Ament keng rieds, esou nach de Christian Kmiotek. Theme wéi Mobilitéit, Ëmwelt- a Klimaschutz géifen awer méi héich um Agenda stoen. De grénge Parteipresident ass frou, datt an der Dräierkoalitioun ee "Re-equilibrage zu Gonschte vun deene Grénge passéiert wier". Senger Meenung no wieren déi dräi Parteien elo plus ou moins op Aenhéicht.

Etienne Schneider: "Technesch Froen tëschent dräi Parteie klären"

D'Parteileedung vun der LSAP koum de Méindeg an der Mëttesstonn zesummen, wou decidéiert gouf, datt een op wier fir Koalitiounsgespréicher mat der DP an deenen Gréngen ze féieren.

De Spëtzekandidat am Zentrum, den Etienne Schneider, gouf designéiert fir d'Koalitiounsgespréicher opzehuelen. De Parteipresident Claude Haagen, ass zouversiichtlech datt et wäert méiglech sinn, déi rout Linnen, déi d'LSAP virun de Wahlen festgeluecht hat, an engem Koalitiounsprogramm erëmzefannen.

Déi dräi Parteien, LSAP, DP an déi gréng sollten elo déi technesch Froe klären an Aarbechtsgruppen designéieren, esou den Etienne Schneider.