Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat aller Häert vum Gesetz

Fräie Mikro

Mat aller Häert vum Gesetz

D'Gesetz géint déi sougenannte Casseurs, dat a Frankraïch als Reaktion op d'Gewalt vun de Gilets jaunes soll ugeholl ginn, ass ëmstridden. Ënner anerem well et erlaabt, Leit an hirer Demonstratiounsfräiheet anzeschränken. Iwwerleeungen dozou vum Frank Wies.

auto_stories

5 min

Frank Wies (Foto: Archiv)

A Frankräich beherrschen zënter dem leschten November all Samschdeg d'Manifestatioune vun de Gilets jaunes den ëffentlechen Debat. Dat engersäits, well dës Protestbeweegung eng politesch Erausfuerderung fir d'Regierung vum President Macron ass, déi si fir d'éischt ënnerschätzt huet, an déi elo mat Hëllef vum Grand débat probéiert, de Geescht vun der sozialer Kontestatioun nees zeréck an d'Fläsch ze kréien.

Anerersäits kënnt et awer och reegelméisseg zu gewalttätegen Ausschreidungen, woubäi déi spektakuläerste wuel de Vandalismus den 1. Dezember am Arc de Triomphe zu Paräis war. Och op anere Plaze si reell oder vermeintlech Symboler vun der staatlecher Autoritéit zum Zil vun Ugrëff an Zerstéierung ginn. An der Loire gouf e Gebai vun der Préfecture a Brand gestach, während op anere Plaze Policekommissariater a Permanencë vun Deputéiert viséiert waren.

De franséische Staat huet op dës Gewalt mat vill Polizei an deelweis onverhältnesméisseg Methode vum Maintien de l'ordre reagéiert. De leschte Bilan schwätzt vun enger Persoun, déi dobäi ëm d'Liewe koum a ronn 1.500 Blesséierten. Virun allem den Asaz vu Flashball a Blendgranate sinn an d'Kritik geroden, an dat esouguer bis an d'Europaparlament. Dëst huet leschten Donneschdeg an enger Resolutioun disproportionéiert Polizeigewalt bei friddleche Manifestatioune veruerteelt, ouni dobäi Frankräich explizit ze ernimmen.

Geféierleche Paradigmewiessel

Och op dem gesetzleche Plang ass séier reagéiert ginn. Op Initiativ vun der oppositioneller Les Républicains ass de 5. Februar an éischter Lecture dat sougenannten Anti-Casseurs-Gesetz gestëmmt ginn. Den Numm ass Programm. Et geet dobäi ënner anerem dorëm déi Leit, déi an de Manifestatioune fir Gewalt an Zerstéierung suergen net nëmmen ze bestrofen, mee si am Virfeld dovun ofzehalen, iwwerhaapt un der Demonstratioun Deel ze huelen.

An dës Beschränkung vum Recht ze manifestéieren, soll net vun engem Gericht geholl ginn, mee vun engem Préfet, also engem Organ vun der Regierung, dat zoustänneg dofir ass, dëser hir Entscheedungen ëmzesetzen. Wat dann natierlech e spezielle Charakter huet, wann en Organ vun der Regierung am Virfeld Leit wëllt dovunner ofhalen, géint si ze protestéieren.

Ech wëll keng Gewalt rechtfäerdegen. D'Demonstratiounsfräiheet ass en Ausdrock vun der Meenungsfräiheet a genee wéi dës, huet se Grenzen. Wann ee vun dësem Grondrecht abuséiert fir anere Leit absichtlech ze schueden oder Saachen ze zerstéieren, dann dierf a soll een dofir bestrooft ginn.

Wat mech awer zum Nodenke bréngt ass de Paradigmewiessel, deen domadder op en neits gemaach gëtt. Vun engem liberale Rechtsstaat, dee senge Bierger d'Fräiheete garantéiert a si eréischt da bestrooft, wa si net verantwortungsvoll domat ëmginn, gi mir eriwwer zu engem präventive System, deen am Virfeld scho probéiert, déi Leit erauszefilteren, déi kéinten hir Fräiheet mëssbrauche fir Strofdoten ze begoen.

Gefor fir d'Demokratie

Well dat franséischt Strofrecht, genee wéi dat lëtzebuergescht, gesäit elo scho Prisongs- a Geldstrofe vir, wann ee bei enger ëffentlecher Manifestatioun gewalttäteg ginn ass. A Frankräich kann een esouguer als Deel vun der Strof verbuede kréien, eng gewëssen Zäit laang u Manifestatiounen Deel ze huelen. Mam Ënnerscheed awer, datt een eréischt no engem Geriichtsprozess an nodeems een an enger Manifestatioun Strofdote begaangen huet, ka bestrooft ginn.

Wat elo geplangt ass, geet vill méi wäit, well et spillt sech am Virfeld vun enger Demonstratioun of. De Préfet ka verschiddene Persoune verbidden, un enger Manifestatioun Deel ze huelen, déi an e puer Deeg soll stattfannen. Déi betraffe Leit kënnen zwar géint dëse Verbuet e Recours maachen, si hunn awer keng Garantie, datt en Uerteel virum Start vun der Manif kënnt.

De Bierger soll also entmëndegt ginn, well him net zougetraut gëtt, datt hie sech an der Ausübung vun engem Grondrecht ze behuele wees. An dat op Grond vu senger Vergaangenheet. Woubäi him net onbedéngt muss eng Strofdot nogewise ginn. Et geet duer, eescht Grënn ze hu fir unzehuelen, datt eng Persoun eng besonnesch grav Bedrohung fir déi ëffentlech Uerdnung duerstellt.

Elo kann een natierlech erëm mam Argument kommen, datt een, dee sech näischt virzegeheien huet, och näischt vun esou enger präventiver Moossnam ze fäerten hätt. D'Fro ass just, wéi ee "sech näischt virzegeheien hunn" definéiert. Vu wéini un ass een eng Persoun, vun där eng besonnesch grav Bedrohung ausgeet? Regierunge kommen a ginn, mee Gesetzer, déi bleiwen. Wat haut also just an extreme Fäll fir noweislech Gewalttäter sollt benotzt ginn, ka muer vu manner demokratesch gesënnte Politiker dozou mëssbraucht gi fir d'Oppositioun kal ze stellen.

China ass Virreider vun der präventiver Verbriechensbekämpfung

Wéi wäit een de Gedanke vun der präventiver Verbriechensbekämpfung ka spanen, dat weist eis am Moment iwwregens d'Volleksrepublik China. Do soll nämlech zum 1. Mee 2020 de System vun de soziale Kreditter ageféiert ginn. Ähnlech wéi e Punkteführerschäin, just datt hei dat soziaalt Behuele bewäert gëtt. Sidd dir mat engem politeschen Dissident a Kontakt, da faalt dir automatesch d'Leeder erof. Esouguer Lappalië wéi Fëmmen op net erlaabte Plazen oder d'falscht Parke vum Vëlo soll zu Punkteverloscht féieren.

Wann ee ganz ënnen an der Hierarchie vum soziale Kredit ukomm ass, da kéint een d'Recht verléiere fir ze reesen an den ëffentlechen Transport ze benotzen. Well d'Volleksrepublik massiv an déi kënschtlech Intelligenz investéiert, wéi zum Beispill déi automatesch Gesiichtserkennung, kann ee sech liicht virstellen, wéi den Iwwerwaachungsstaat fir sozial kreditonwierdeg Bierger soll duerchgesat ginn.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.