Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat CETA waarden a staark Klimagesetzer schafen

CETA a CO2-Emissiounen

Mat CETA waarden a staark Klimagesetzer schafen

Éier d'Chamber iwwert CETA ofstëmmt soll gewaart ginn, bis den Europäesche Geriichtshaff iwwerpréift huet ob de europäesch-kanadeschen Fräihandelsaccord kompatibel ass mam europäeschem Recht, seet de Claude Turmes. D'Regierung an d'Chamberfraktioune missten déi Fro elo klären. De gréngen Deputéierten ass net zefridde mam Vote am Europaparlament iwwert CO2-Emissiounszertifikater.

auto_stories

3 min

Mat 408 Stëmmen dofir, 254 dogéint an 33 Abstentiounen huet d'Europaparlament mat grousser Majoritéit fir den europäesch-kanadesche Fräihandelsaccord CETA gestëmmt. Lénks an extrem riets Parteien, e puer Sozialisten an déi gréng Fraktioun hunn net derfir gestëmmt. Ofgestëmmt gouf iwwert den europäeschen Deel vum Ofkommes, deen am Mäerz soll a Kraaft trieden.

Déi Gréng an déi Lénk am Europaparlament haten och fir eng Resolutioun gestëmmt, fir no zwee Joer e Bilan iwwer CETA ze zeien. De Claude Turmes versteet net, firwat dat vun deenen anere Fraktiounen, a vun allen anere Lëtzebuerger EU-Deputéierte refuséiert ginn ass. D'Viviane Reding, de Frank Engel, de Georges Bach vun der CSV, d'Mady Delvaux vun der LSAP an de Charles Goerens vun der DP wieren net mat dësem Bilan averstanen. No zwee Joer Erfahrung sollt gekuckt ginn, wéi et am Kader vu CETA mat Aarbechtsrecht, ëffentlechen Déngschtleeschtungen, an Ëmweltschutz steet.

CETA: ofwaarden a Fakte schafen

Dee Volet vum CETA-Accord deen ënnert national Kompetenz fält, muss duerch déi national a regional europäesch Parlamenter ugeholl gi fir kënnen ëmgesat ze ginn. An dee Beräich falen och déi ëmstridde Schiidsgeriichter.

D'Fro wier nach net gekläert, ob mat deene Schiidsgeriichter eng parallel Justiz géif entstoen, seet de Claude Turmes. De grénge Politiker war den eenzege vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert, deen am EU-Parlament géint de CETA-Accord gestëmmt hat.

De Claude Turmes fuerdert d'Lëtzebuerger Regierung an d'Chamber op, fir mat engem Vote an der Chamber ze waarde bis den Europäesche Geriichtshaff iwwerpréift huet, ob CETA konform ass zum europäesche Recht. D'Regionalregierung vun der Wallonie hat sech an engem Accord mat der Federalregierung vun der Belsch gëeenegt, datt d'Belsch esou eng Iwwerpréiwung beim europäesche Geriichtshaff ufreet.

Am Plaz Zertifikater, gutt Klimaschutz-Gesetzer

De Claude Turmes ass net zefridde mam Vote vun e Mëttwoch am EU-Parlament iwwert eng Reduzéierung vun den EU-Zertifikater fir CO2-Emissiounen. Déi Zertifikater erlaben et Industrien ze polluéieren. Entreprisen a Fluchgesellschafte sollen an Zukunft manner Zertifikater kënne kafen a méi eegen Efforte maache fir manner CO2 auszestoussen. D'EU-Kommissioun huet proposéiert, 2,2 Prozent manner Zertifikater pro Joer bis 2030 erauszeginn. D'Ëmweltkommissioun vum EU Parlament hat eng méi héich Baisse vun 2,4 Prozent pro Joer gefuerdert.

Am Handel vun den Zertifikater fir CO2-Emissioune géif et grouss Lächer ginn, sou de Claude Turmes. Eng Tonn CO2 géif haut fënnef Euro kaschten. Eigentlech missten et 30-50 Euro pro Tonn sinn, fënnt de gréngen Europapolitiker. Senger Meenung no géif dat Instrument net besonnesch gutt funktionéieren. Hie plaidéiert fir eng positiv Gesetzgebung zu Lëtzebuerg an an Europa fir de Klimaschutz. Dofir wäre staark Gesetzer néideg fir erneierbar Energien, fir Energieeffizienz a fir nei Technologien ze promovéieren.