Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jerry Paper - Just Say Play

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mat Meenungsfräiheet huet dat näischt méi ze dinn"

MEENUNG

"Mat Meenungsfräiheet huet dat näischt méi ze dinn"

Zënter dësem Weekend huet de Protest vun enger Minoritéit géint déi offiziell Corona-Mesuren en neien Niveau erreecht: Demonstranten hunn an der Stad privat an ëffentlech Gidder beschiedegt, dofir gesuergt datt d'Chrëschtmäert hu missen temporär gespaart ginn a se hu probéiert de Premier Xavier Bettel virun deem sengem Privathaus anzeschüchteren. Déi Leit hunn elo all Legitimitéit am Debat public verluer an déi, déi et ugestëppelt hunn, musse Konsequenzen zéien, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

auto_stories

4 min

E Mann mat engem Mikro a Lautsprecher virum Privathaus vum Premier. 'Haalt eis dach net fir domm', bläert hie wéi een, dee sech grad ganz wichteg virkënnt. Et wier jo kloer, datt d'Spidolspersonal zënter 18 Méint am Gaange wier d'Bläistëften ze spëtzen, well guer keng Covid-Patienten do wieren. Richteg geschitt.

2+2 gëtt net fënnef

An da mengen der vill, déi Kritik un den Evenementer vum Weekend formuléieren, se missten nach all Kéiers ënnersträichen, datt se fir Meenungsfräiheet sinn. Mat Meenungsfräiheet huet dat näischt méi ze dinn. Nee, 2+2 gëtt net fënnef, an et wäert och net fënnef gi wann der 2.000 duerch d'Stad rennen an dowéinst wëllen e "Biergerkrich" ufänken (Jo, déi Formulatioune sinn an de leschte Wochen op de soziale Reseaue benotzt ginn).

Déi grouss Linne vun der Argumentatioun si meeschtens souwisou esou voll Kontradiktiounen, datt et wéi deet. Mir sinn zwar wéi et schéngt an enger Diktatur, mee si dierfen awer ongestéiert duerch d'Stad rennen a géint Gesetzer verstoussen, ouni datt se mol dofir festgeholl ginn.

Se soen d'Fräiheet vum Eenzele wier a Gefor, an dobäi ass grad d'Fräiheet vu villen aneren a Gefor. Se soen, se dierften hir Meenung net méi äusseren, menacéieren awer anerer, déi eng aner Meenung hu wéi si. Se kritiséieren, d'Medie wieren net fräi, menacéieren awer Journalisten, déi a Kommentaren eng Meenung oder Fakte publizéieren, déi net an hiert Bild passen.

Och géint e Journalist vun dësem Radio gouf et dëse Weekend en Aschüchterungsversuch, andeem s den Numm op der Schell duerchgekrizzelt gouf a mat Eeër op d'Entrée vum Gebai geschoss gouf - e Gebai an deem méi Stéit wunnen.

0,3 Prozent vun den Awunner

Et ass elo wichteg, datt verschidde Saachen an hire richtege Kontext gesat ginn: Mir schwätzen hei vun enger absolutter Minoritéit. 2.000 Leit an der Stad, 0,3 Prozent vun den Awunner vum Land. An da waren der mat Sécherheet och dobäi, déi net hei wunnen. Mir schwätze vu Leit, déi géint Gesetzer verstoussen, déi demokratesch opgestallt goufen.

Et kann een e Problem mat engem Gesetz hunn, mee et muss ee sech awer drun halen. Dat nennt ee Rechtsstaat, de Contraire vu Willkür an Anarchie. An et muss een och oppassen, datt een op d'Eskaléierungsschinn net erafält: Et ass um Rechtsstaat, dat do ze klären, an d'Police huet do de Weekend versot.

Eng Enquête doriwwer ass néideg an d'Fro vu der Responsabilitéit bleift ze klären. Fir de Rescht ass et net esou, datt déi ronn 30 Prozent, déi hei am Land net geimpft sinn, Krimineller oder Idiote wieren, sou wéi déi, déi geimpft sinn, och net automatesch Helleger sinn. Mee et ass nun emol esou, datt ee mat enger Impfung dozou bäidréit, am Interessi vun der Gesellschaft, datt ee manner séier zu enger Belaaschtung vun de Gesondheetssystemer gëtt.

Wien dee Schratt net wëll maachen, muss awer d'Gesetzer respektéieren, a muss an der Pandemiebekämpfung eben aner Efforte maachen: Méi testen, manner sozial Kontakter, méi verzichten. Wien dat mécht, dréit genee sou zur Pandemiebekämpfung bäi wéi een dee geimpft ass, an deen eben e bësse méi Fräiheeten huet. Et ass net méi schwéier wéi dat.

Leit mussen zur Rechenschaft gezu ginn

An da muss een awer soen, datt déi, déi lo méintelaang gestëppelt a gehetzt hunn, mussen zur Rechenschaft gezu ginn. Wa mam Roy Reding en Deputéierten aus der Chamber an aggressiven Telegram-Gruppe géint Journalisten hetzt, an och nach hir privat Nummer publizéiert, a wann en och nach schreift, d'Leit sollte sech wieren, da muss esou en Deputéierte menger Meenung no haut demissionéieren.

An déi, déi op de soziale Reseauen zum Haass an zu Gewalt opgeruff hunn, an déi ëffentlech Persoune belästegt a menacéiert hunn, gehéiere poursuivéiert. Wat wier, wa gëschter Kanner oder soss Leit um Chrëschtmaart zu Schued komm wieren? Wat wier, wann de Premier doheem gewiescht wier, an et wier méi wäit gaangen?

Et geet net duer, wéi d'Sylvie Mischel vun der ADR et op Facebook mécht, fir sech vun "e puer Randaléierer" ze distanzéieren. Och déi, déi et aus Eegecalcul ufeieren, musse Verantwortung droen.