Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - Gymnopédie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Matenee schwätzen oder besser een deem aneren nolauschteren

Fräie Mikro

Matenee schwätzen oder besser een deem aneren nolauschteren

Elo wou mer erëm méi Kontakt mateneen hunn, an eis erëmgesi kënnen, mussen a kënne mer och erëm matenee schwätzen. Nolauschteren, verstoe wëllen, sech wierklech interesséiere fir dat, wat deen aneren ze soen huet a wien deen aneren ass, dat ass heiansdo richteg schwéier, mengt d'Karin Weyer, Direktesch vum Zentrum géint Radikaliséierung respect.lu am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D'Karin Weyer ass Direktesch vum Zentrum géint Radikaliséierung respect.lu

Cliente vu mir hunn oft iwwert Joren, wann net esouguer hiert Liewe laang d'Erfarung gemaach, dat se kee fir ze schwätzen hunn. Virun allem keen, den nolauschtert, de probéiert ze verstoen, den hëlleft dat wat d'Persoun soe wëll och wierklech auszedrécken. An dat dann och nach op eng Aart a Weis, déi an der Réi ass.

Et ass net ëmmer licht munche Léit nozelauschteren, virun allem, wann se aus Roserei Saache gesot ginn, déi definitiv net okay sinn. Dat éischt a wichtegst ass natierlech däitlech ze maachen, dat esou eppes guer net geet, net akzeptabel an net tolerabel ass. Dat en Opruff zu Haass a Gewalt, Calomnie a Diffamatioun verbuede sinn. Bei anere Saachen, däitlech maachen, dat et derniewent ass an een dat einfach net soe kann. Domat ass et awer net gedoen.

Als Mënsch ass jidderee wäertvoll, an als Individuum huet jiddereen eng Geschicht, déi derwäert ass gezielt a gehéiert ze ginn. Et lount sech och mat esou Léit ze schwätzen, a virun allem nozelauschteren. Probéieren ze verstoen, wat dohannert stécht. Sief et eegen Erfarunge vun erliefter Ongerechtegkeet oder gesellschaftlech Virurteeler, déi iwwerholl goufen an oft ob onreflektéiert Aart weider tradéiert ginn.

Mech interesséiere Mënschen, wéi se ginn si, wéi se sinn. Wat se zu dem gemaach huet wat se sinn. An awer och wat dohanner stécht. Vill vun deene Léit sinn et net gewinnt dat een se wierklech verstoe well, sech wierklech interesséiert, hinne wierklech nolauschtert. Nolauschteren a Versteesdemech bedeit awer nach laang net averstane sinn. An och dat muss en däitlech maachen, ëmmer rëm wann et neidesch ass.

Verantwortung fir sech iwwerhuelen

Léit, déi um Programm "Dialog amplaz Haass" bei respect.lu deelhuelen, hu Saachen um Internet gepost, déi net an der Réi sinn. Si fannen hei eng Platz wou eng mënschlech Begéinung méiglech ass. Wat awer och d'Viraussetzung ass fir sech mat dem Firwat vun dem Haass Post auserneen ze setzen. Sech domat ze befaassen, datt ee Virurteeler huet, dat keen anere wéi ee selwer d'Verantwortung huet fir dat wat gesot oder geschriwwe gouf. Dat ass net einfach, do gëtt sech gesträubt - Muss dat sinn, ech brauch dach net ze kommen, dat ass dach iwwerdriwwen - do gëtt geleegent - dat war als Witz gemengt, dat ass Meenungsfräiheet - do gëtt bagatelliséiert - dat war dach net esou schlëmm, dat war net esou gemengt.

Dat hëlleft awer alles net. Iergendwann ze soen, dat war blöd vu mir, dat war well ech rosen a frustréiert war, dat huet mat mir ze dinn net mat deene Léit géint déi ech gefacht hunn. Dat ass en zentrale Schrëtt fir Verantwortung ze iwwerhuelen. Da kann ech mech och mat Virurteeler an Ideologien ausenanersetzen a mer tatsächlech eng eege Meenung bilden an déi dann och léieren esou ze äusseren, datt ech net a Konflikt mam Gesetz kommen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.