Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Weyes Blood - Everyday

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Materialmangel: Handwierker wëllen iwwer Präisupassunge schwätzen

Bausecteur

Materialmangel: Handwierker wëllen iwwer Präisupassunge schwätzen

Wéinst der grousser Knappheet beim Baumaterial - vun Holz bis Stol oder Plastik - wëllt d'Handwierkerfederatioun mam Bauteminister François Bausch iwwer eng méiglech Präisrevisioun bei ëffentleche Projete verhandelen. Mee och privat Bauhären kéinten an den nächste Méint den Impakt vun der aktueller Situatioun ze spiere kréien: sief et beim Präis oder den Delaien. Dat Schlëmmst, wat elo am Bausecteur kéint passéieren, wier ee Schnéiball-Effekt, heescht et vun der Handwierkerfederatioun.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / KYNA STUDIO

Lauschterenplay_arrow


All d'Beruffer si vun den aktuelle weltwäite Liwwerproblemer betraff, seet de Patrick Koenen, Generalsekretär adjoint vun der Handwierkerfederatioun, och wann den Enkpass beim Holz besonnesch grouss ass. Wann dann deen, deen um Ufank vum Chantier steet, scho Retard kritt - well et u Material feelt - da kann de Problem sech séier weiderzéien.

Wann den Elektriker och den Installateur hir Aarbecht net maache kënnen, da kéint net gegipst ginn, da kéinten och keng Plättercher geluecht ginn, de Schräiner an och den Usträicher géifen da Verspéidung kréien.

Liwwerschwieregkeeten

Et gi méi Grënn fir d'Liwwerproblemer: den Handelssträit tëscht den USA a Kanada, mee de Bauboom zum Beispill an Asien, de Blockage am Suez-Kanal a Covid. Vill Fabricken hätte missten zoumaachen, an da géif och manner produzéiert gëtt.

"Vill Hiersteller hunn awer och geduecht datt duerch d'Coronakris d'Nofro géif erofgoen an hunn hunn hir Produktioun vum selwe gedrosselt", seet de Patrick Koenen.

De Materialmangel suergt och fir Präishaussen an d'Handwierkerfederatioun hofft, datt d'Betriber déi Méikäschte lo net eleng mussen droen.

Präirevisioune bei ëffentleche Bauten

Bei den ëffentleche Projete sinn nodréiglech Präisrevisioune méiglech. De Patrick Koenen hofft och, datt d'Delaien, an deenen d'Entreprisen d'Projeten mussen ofschléissen, erëm no hanne verluecht ginn, ouni Penalitéiten.

"Mir siche lo d'Gespréich mam Här Minister Bausch, wéi mir dat och schonn an der Covid-Kris gemaach hunn, fir déi Punkten do ze klären. Dat ass d'Präisrevisioun, d'Delaien, an déi Penalitéiten."

Am Privaten hänken eventuell Präisrevisioune vum Kontrakt of. Bauhäre sollen deemno hir Entreprise kontaktéieren. Experte schätzen d'Dauer vun der Liwwerkris op sechs Méint. De Patrick Koenen hofft, datt d'Clienten an Tëschenzäit trotz allem weider nei Projeten uginn. Ofzewaarde géif näischt bréngen, seet hien.