Den Däitschland-Chef vun MSF, de Volker Westerbarkey seet, d'Ëmstänn fir d'Rettungsasätz am Mëttelmier hätte sech an de leschten Deeg "dramatesch geännert". Et géif eng "direkt Gefor" fir d'Personal vun den ONGe bestoen, well déi libesch Küstenwache déi Zon vergréissert huet, an där si keng privat Hëllefsschëffer acceptéiert. An der Vergaangenheet wär et nämlech scho virkomm, datt Rettungsschëffer vun der libescher Küstenwache ugegraff goufen.
"Mir gi fest dovun aus, datt elo nees méi Migrante wäerte stierwen", esou de Volker Westerbarkey. MSF géif zwar weider probéieren, Migrante baussent der libescher Sécherheetszon ofzefänken, mä d'Booter mat de Migrante misste fir d'éischt emol bis dohi kommen. "Eis gréisst Angscht ass, datt déi ëmmer schlecht equipéiert Flüchtlingsbooter et guer net esou wäit packen, an datt d'Leit dowéinst virdrun erdrénken."
"Et gëtt keng Zesummenaarbecht mat de Schlepper"
Kritiker soen, d'Hëllefsorganisatioune géifen d'Geschäft vun de Schlepper am Mëttelmier indirekt ënnerstëtzen, well si d'Migranten, déi d'Schlepper an d'Mier schécken, a Sécherheet bréngen. De Volker Westerbarkey weist dës Kritik zréck: "Et geet hei ëm Leit, déi an dramatesche Konditioune liewen, déi wäerten egal wéi probéiere fortzekommen. Egal ob Schlepper do sinn, oder ob mir do sinn." MSF géing probéieren, dofir ze suergen, datt "manner Mënsche stierwen." Eng direkt Zesummenaarbecht mat de Schlepper géif et dobäi net ginn.