Radioen

On air

Espresso Beats  |  Artemas - I Like The Way You Kiss Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Medezinesche Cannabis: D'Regierung ass an enger Léierphas

Gesondheet

Medezinesche Cannabis: D'Regierung ass an enger Léierphas

D'Regierung ass an enger Léierphas, wat de Medezinesche Cannabis ugeet. D'Gesetz wéilt een net änneren. Domat reagéiert de Gesondheetsminister op déi rezent Kritik vun de Spidolsapdikter. Nodeems datt et zu enger Rupture vum Stock vum Produit hei am Land komm war, hat d'APHL der Regierung eng schwaach Preparatioun reprochéiert.

auto_stories

2 min

D'Argument datt de Pilotprojet deen ënner der fréierer Gesondheetsministesch Lydia Mutsch lancéiert gouf, net gutt genuch um Terrain diskutéiert gi wier léisst den aktuelle Gesondheetsminister Etienne Schneider net gëllen.

"Mir kënnen eis net virstelle bei all Dokter ze rennen an deen ze froe wéi vill Patienten datt hie mengt datt medezinesche Cannabis wäerte brauchen. Mir hunn bei eis intern doriwwer diskutéiert. A mir hunn eng Quantitéit zeréck behale mat der jiddereen eens war. Mee finalement huet sech erausgestallt datt et net duer geet. Dat weist awer datt d'Decisioun vun der Regierung fir de Cannabis ze legaliséieren eng richteg Decisioun war."

Zënter Februar goufen 21 Kilogramm Cannabis-Bléie verschriwwen a ronn 270 Patiente kruten eng éischt Behandlung mat medezineschem Cannabis, heescht et aus dem Ministère. Elo misst ee kucken de Stock an de Grëff ze kréien erkläert den Etienne Schneider. Lëtzebuerg kéint de Cannabis net an Europa kafen, well en um europäesche Marché net disponibel wier. Dat misst iwwer internationl Ausschreiwunge fonctionnéieren. "Ech menge mir sinn och do an enger Lernphase an der mir eis Commande mussen ajustéieren", sou de Gesondheetsminister.

D'Rupture de Stock ass net den eenzege Problem

D'Doktere krute vum Ministère virgeschriwwen, fir bis op Weideres kengen neie Patiente méi medezinesche Cannabis ze verschreiwen. Bis um Enn vum Summer soll de Stock sech nees normaliséieren.

D'Rupture de Stock wier net deen eenzege Problem kritiséieren d'Spidolsapdikter. Ënnert anerem fuerdert d'Associatioun méi eege Moyenen. Dozou de President vun der APHL Grégory Gaudillot. Et hätt een ausgerechent, datt ee pro Patient 30 bis 60 Minutte bräicht, fir de medezinesche Cannabis "ze ginn", dofir hätt ee sech 25 Prozent méi Moyene fir d'Etablissementer gefrot.

Fuerderung no engem méi kloere Gesetz

D'Associatioun fuerdert och datt d'Gesetz, dat definéiert a wéi engem Fall ee medezinesche Cannabis dierf verschriwwe kréien, méi präzis soll ginn.

Déi dräi Indikatiounen, déi am Gesetz virgesi si fir medezinesche Cannabis ze kréien an och d'Ordonnance mat där den Dokter de Medezinesche Cannabis verschreift loossen ze vill Interpretatiounsspillraum. En Argument dat de Minister Etienne Schneider net gëlle léist. Eng Gesetzesännerung kéim net a Fro.

Wa mir als Gesetzgeber dohi ginn a mir definéiere genee wien dee Cannabis ka kréien da maache mir d'Aarbecht vum Dokter. Et ass um Dokter dat ze maachen an dee muss säi Fräiraum hunn. Zwee mol huet d'Associatioun sech mëttlerweil mam Gesondheetsministère getraff fir iwwer Verbesserungsproposen ze diskutéieren.