Lëtzebuerger Presselandschaft Mediahuis keeft Saint-Paul

De Bistum verkeeft déi gréisste Lëtzebuerger Dageszeitung Lëtzebuerger Wort, déi an auslännesch Hänn iwwergeet. D'Editiounshaus Saint-Paul, dat nieft dem Wort och den Télécran an déi englesch-sproocheg Luxembourg Times erausgëtt, huet haut matgedeelt, datt de Grupp vum belsche Medienkonzern Mediahuis NV opkaf gëtt.

Luxemburger Wort
Foto: Archiv

Bis elo war de Grupp Lafayette SA., déi de Patrimoine vum Bistum geréiert, Referenzaktionär vu Saint-Paul. Lafayette géif am Géigenzuch eng Minoritéitsparticipatioun u Mediahuis huelen. Zu deem Grupp gehéieren Titele wéi déi belsch Zeitung De Standaard, déi hollännesch Zeitungen De Telegraaf an NRC Handelsblad, mee och den Irish Independent an eng Rëtsch Radio-Senderen a regional Tëleestatiounen.

De François Pauly géif President vum Verwaltungsrot bleiwen, heescht et am Communiqué. Och den Direkter Paul Peckels an d'Chefredaktioun aus Roland Arens, Claude Feyereisen a Marc Schlammes sollen hir Poste behalen. Duerch d'Kooperatioun mat den anere Medien aus dem Grupp soll déi digital Transformatioun bei Saint-Paul erliichtert ginn, heescht et am Schreiwes. D'Ligne éditoriale vum Wort géif respektéiert ginn an d'Medie vum Grupp Saint-Paul géife weiderhi reliéis Sujeten an d'Kommunikatioun vun der Kierch couvréieren.

Méi zum Thema

Luxemburger Wort Exklusiv
Medien

Virun engem Mount gouf de Jean-Lou Siweck als Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort ofgesat. Elo ginn et eisen Informatiounen no weider Ännerungen an de Redaktioune vun der gréisster Dageszeitung.

Michel Pauly Meenung
Gesellschaft

Vill ass an der Lescht iwwert d'Trennung vu Kierch an Staat diskutéiert ginn. Fir kritesch Chrëschte war déi Trennung längst iwwerfälleg. Mä wéi ass et mat der Trennung vu Kierch an CSV?

Jean-Lou Siweck
Demissioun vum Chefredakter

No der Annonce, datt de Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort d'Dageszeitung verléisst, sicht de Verwaltungsrot no enger interner Léisung. D'Redaktioun wëllt muer Stellung zur aktueller Situatioun huelen.

Jean-Lou Siweck
Demissioun vum Chefredakter

De Jean-Lou Siweck hält Enn September als Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort op. Hien ass net averstane mat der neier Linn vum President Luc Frieden an dem Bistum, Proprietär vum Groupe Saint-Paul.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen