D'Decisioun vum Verwaltungsrot vu Saint-Paul-Lëtzebuerg fir dem Wort-Chefredakter Jean-Lou Siweck säi Kontrakt ze stoppen, ass méiglecherweis schlecht fir déi ekonomesch Entwécklung vun der Zeitung, mengt de Romain Hilgert.
De Chefredakter vum Lëtzebuerger Land huet d'Fro opgeworf, ob déi aktuell Entwécklung eventuell géint den Interessi vum Bistum als Proprietaire kéint goen. Seng Impressioun wier, datt besonnesch Verschiddener an der CSV Angscht kruten, datt si fir d'Chamberwahlen 2018 kee Parteiblat hunn, dat hinnen zur Säit steet.
Brauchen d'Parteien eng "presse amie"?
De Jochen Zenthöfer, Publizist a fräie Journalist, sot, de Projet fir d'Zeitung fir méi Stréimungen opzemaachen, misst op zéng bis 15 Joer ugeluecht sinn, an dierft net schonn nees no véier Joer ofgebrach ginn.
Fir de Jochen Zenthöfer ass och onkloer, wéi een Zesummenhank tëscht dem Succès vun enger Partei an der méi oder manner onofhängeger Berichterstattung vun der Press besteet. Ëmmerhin hätt d'Wort 2013 eng "scho bal peinlech" Pro-CSV-Berichterstattung gemaach, d'Partei hätt d'Wahlen trotzdem verluer. A während d'Wort duerno méi pluralistesch bericht hätt, hätt d'CSV an de Sondagen a bei den Europawahle gutt ofgeschnidden.
Risiko vun der "Beliebegkeet"
De Christoph Bumb sot, fir hie wier onkloer, ob eng Zeitung hautdesdaags eng kloer politesch Linn brauch, fir z'iwwerliewen. Effektiv wier et heiansdo komesch, wann eng Zeitung zu engem Thema konträr Meenunge géif vertrieden. D'Wort wier dowéinst an de leschte Joren ëmmer nees dem "Virworf vun der Beliebegkeet" ausgesat gewiescht.
De Romain Hilgert mengt, et wier fir de politeschen Debat wichteg, datt et Zeitunge ginn, déi kloer verschidde politesch Linne vertrieden. Dëse Pluralismus géif d'Pressehëllef garantéieren. Anescht wéi an den Nopeschregiounen, wou et Monopolzeitunge géife ginn, hätt d'Dagespress zu Lëtzebuerg eng dräifach Funktioun: An zwar als Parteipress, als Lokalzeitungen an als national Blieder.
Wat heescht Onofhängegkeet?
Fir de Romain Hilgert heescht Onofhängegkeet, datt de Verwaltungsrot net an d'Dagesgeschäft agräift. Mä et wier naiv ze mengen, datt eng Zeitung "ee stännege Krich" kéint féiere géint d'Erwaardunge vun hirem Proprietaire, respektiv dem Verwaltungsrot. Mat sengem Recrutement als Chefredakter hätt de Verwaltungsrot och gewosst, wéi eng Linn d'Lëtzebuerger Land géif aschloen. Am Wort wier dat net anescht gewiescht: De fréiere Generalvikar hätt de Jean-Lou Siweck agestallt, fir datt nees méi Zeitunge verkaf ginn.
De Jean-Lou Siweck war als Chefredakter eng "Firewall géint jegleche politeschen oder wirtschaftlechen Drock vu baussen", esou de fréiere Wort-Journalist Christoph Bumb. De Christoph Bumb huet zënter 2012 a bis viru puer Méint beim Wort geschafft. Säin Depart hätt méi Grënn gehat, wéi déi rezent Changementer am Muechtverhältnis tëscht Verwaltungsrot a Chefredaktioun. An de leschte Méint goufen et a sengen Aen Hiweiser, datt den Drock op de Jean-Lou Siweck géif klammen.
D'Wort virum Jean-Lou Siweck
De Pierre Lorang huet vun 1996 bis 2011 am Lëtzebuerger Wort geschafft. Deemools hätt een als Journalist effektiv heiansdo een CSV-Politiker um Telefon gehat, mä hie wier domadder awer ëmmer gutt Eens ginn. Hie selwer stoung der Partei no a war ënnert anerem CSJ-President a bäigeuerdneten CSV-Generalsekretär.
De Christoph Bumb gesäit dat anescht: "Ech hunn d'Ausläufer vun dem Ancien Régime matkritt, wou CSV-Politiker ugeruff hunn an Titele fir Artikele proposéiert hunn, déi och duerno an der Zeitung stoungen." Dat hätt sech eréischt ënnert dem Jean-Lou Siweck wierklech geännert.
Trotzdem betount de Pierre Lorang, datt et och virdru scho Beméiunge gouf, fir sech als Zeitung journalistesch z'emanzipéieren. De Romain Hilgert huet deem zougestëmmt an drop higewisen, datt et am Saint-Paul-Verlag ëmmer nees "Reformbestriewunge" gouf, fir finanziell z'iwwerliewen.
Qualitéitsjournalismus am digitalen Zäitalter
De Christoph Bumb wëll een "Online-Magazin" lancéieren, deen op Hannergrondinformatiounen, Analys an investigativ Recherche setzt. De Projet soll net duerch Publicitéit oder ee groussen Investisseur finanzéiert ginn, mä duerch d'Bäiträg vun de Lieser.
De Pierre Lorang mengt, datt de Christoph Bumb "d'Zeeche vun der Zäit" erkannt hätt. Un déi "brut Informatioune" géif um Internet jiddereen direkt a gratis kommen. Mä de Marché fir gutt recherchéiert Informatiounen iwwer Lëtzebuerg wier kleng, wat een digitale Business-Modell schwiereg géif maachen.
De Jochen Zenthöfer huet d'Fro opgeworf, ob et mam radio 100,7 a mam Lëtzebuerger Land net scho Presseorganer ginn, déi kritesch an onofhängeg beriichten. "Dach", sou d'Äntwert vum Christoph Bumb, mä et wier nach Potential do, fir d'Offer duerch eng nei Publikatioun ze vergréisseren.