Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng verpasste Chance

Fräie Mikro

Eng verpasste Chance

D'Regierung hätt d'Verhandlung iwwert en neie Konzessiounsvetrag mat RTL sollen notzen, fir eng ëffentlech-rechtlech Tëlee mat engem nëtzlechen a bezuelbare Programm ze schafen.

auto_stories

4 min

D'Verhandlungen iwwert den neie Konzessiounsvertrag vum Staat mat RTL sinn nach net ganz ofgeschloss. Mäi wéi et schéngt, bleift alles beim Alen. "Il n’y a que le provisoire qui dure": D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Televisioun ass de Spigel vun eiser parteipolitescher Klengkaréiertheet, mat där mir eis ëmmer nees selwer an de Féiss stinn.

Un der Relatioun tëscht Parteielandschaft a befrënnter Press huet sech zu Lëtzebuerg eigentlech net vill geännert an de leschte Joerzéngten. Vun de Printmedie konnt sech kommerziell laang Joren nëmmen d'Wort iwwer Waasser halen. Fir an engem ze klenge Marché de Pressepluralismus z'erhalen, huet de Lëtzebuerger Staat 1976 d'Pressehëllef agefouert.

Baussent der politiséierter Lëtzebuerger Pressezeen gouf et déi historesch gewuesse privat audiovisuell Press. Dës ass grouss ginn ouni dem Land ze gehéieren: RTL, spéider CLT, huet dem Staat vill Steiere bezuelt an dofir Standuertavantage krut.

D'CLT huet am Géigenzuch fir avantagéis Bedéngunge fir hir Medien- a Finanzaktivitéiten e Lëtzebuerger Radios- a spéider och en Televisiounprogramm gestallt. Dat iwwert d'Accorde vun engem Laaschtenheft.

Bedéngten Onofhängegkeet

Radio Lëtzebuerg an den Hei Elei, spéider "Télé Lëtzebuerg", waren d’Plattform, wou et dem Konzessiounsvertrag no virgeschriwwe war, fir parteipolitesch, konfessionell a gewerkschaftlech neutral Informatioun ze maachen.

Dës Plattform war de Printmedien uganks den Nonzeger als potentiell Konkurrenz en Dar am A war: Ëmmerhin ass den Hei Elei all Dag op Antenn gaangen an huet dofir ëffentlech Ënnerstëtzung krut.
Et war och eng Plattform op déi all d'Parteie gären Afloss geholl hätten an nach ëmmer huele wëllen.

1995: Keng ëffentlech-rechtlech Léisung

1995 wier et un der Zäit gewiescht, fir mat allen Acteuren aus der audiovisueller Lëtzebuerger Medienzeen eng consolidéiert ëffentlech-rechtleche Radios- an Tëleesplattform ze schafen. An d'Redaktiounen onofhängeg no journalistesche Prinzipien a relevante kulturelle Prioritéite schaffen ze loossen.

Trotz Stëmmen, déi gewarnt haten, huet déi deemoleg schwaarz-rout Koalitioun et zougelooss, datt de Lëtzebuerger Televisiounsprogramm bei der CLT bleift. An deen ass dunn inhaltlech erofgewirtschaft ginn, well de Quasi-Monopol vum Televisiounswiesen an d'Hand vu Publicitairë geluecht gouf. Déi hunn de Schwéierpunkt just nach op d'Verpakung geluecht.

D'Beleegschaft krut deemools vum neien Direkter an engem Briefing gesot, si kéint alles, wat se bis ewell gemaach huet, vergiessen. Zitat: "Wat mech interesséiert, ass mueres de Bokassa ze gesinn, wann deen am Kalzong seng Zeitung siche geet". Doropshi sinn déi Journalisten, déi laang Jore mat bescheidene Mëttel den Hei Elei gemaach hunn an eng ganz Rei laangjäreg Mataarbechter hirer Wee gaangen.*

Manner Succès, wéi erwaart

Trotz vill Stuerm am Waasserglas an Eegeluef huet den "neie" Programm an Tëschenzäit un Ecoute agebéisst: 2016 hat "Télé Lëtzebuerg" nach 23,1 Prozent Taux d’écoute. An den neie Programm ass schlussendlech vill méi deier ze stoe komm, wéi deen alen.

Een ëffentlech-rechtleche Programm no däitschem Modell, wéi déi drëtt däitsch Chaîne, iwwert deen am Hannergrond vum Konzessiousnvertrag vun 1995 Rieds gaange war, hätt de Staat deemools 150 Millioune Frang kascht.

Haut schwätze mer vun tëscht zwielef bis 21 Milliounen Euro (also dräi bis sechs Mol esou vill), déi de Lëtzebuerger Steierzueler soll opbréngen, fir eenzeg an eleng den Defizit vun "Télé Lëtzebuerg" ze kompenséieren an dierfe bei der Privatentreprise ze bleiwen.

Status Quo amplaz méi Qualitéit?

Den neie Konzessiounsvertrag ass, wéi et elo ausgesäit, den ale Konzessiounsvertrag mat nach dem Ënnerscheed, datt e just op dräi Joer ausgehandelt gëtt. Déi blo-rout-gréng Koalitioun wëllt also och keng ëffentlech-rechtlech Lëtzebuergesch Tëlee mat engem nëtzlechen a bezuelbare Programm an enger Struktur, an där all Lëtzebuerger audiovisuell Mediemécher an ëffentlech audiovisuell Servicer hir Plaz hätte fanne kënnen.

Emol méi verlängert d'Politik de Status Quo vun der RTL-Ofhängegkeet, dee wuel all Kéier méi deier ze stoe kënnt. Brauche mer de Programm mat deem Inhalt, an där Form, an deem Moss, a fir dee Käschtepunkt? An dat nach ëmmer als Locataire an engem grousse Betrib, deen eis wahrscheinlech esou gär géif kënnegen? Ee Betrib, an deem nach viru Kuerzem d'Direktioun Afloss op d'Redaktioun geholl huet? An deem säi Programm scho laang net méi deem entsprécht, op dat een haut medieméisseg kéint houfreg sinn!


* De Romain Goerend huet tëscht 1984 an 1997 als Journalist bei RTL geschafft.