Copyright Mediepluralitéit a Gefor?

An der EU gëtt et ee virleefegen Accord iwwer eng Reform vum Copyright. Méintlaang war an der EU hefteg iwwer déi Reform gestridde ginn. Noriichte-Sichmaschinne wéi Google mussen an Zukunft d'Editeure bezuelen, wa si Extraiten aus Artikele publizéieren. D'Editeure sinn zefridde mat der Eenegung. Déi europäesch Konsumenteschutzorganisatioun hirersäits ass net zefridde mam Text. De Frederico Oliveira da Silva vun der European Consumer Organisation am Gespréich mam Mick Entringer.

Mick Entringer

Dateschutz
Foto: Archiv

An der Mediathéik:

Aktuelles / /
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen