Radioen

On air

Resonanzen  |  Frédéric Chopin - Soat fir Piano Nr.3 a Si Mineur, II. Scherzo (Molto vivace) - Josep Colom (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mediepolitik an de Wahlprogrammer

Chamberwahlen 2018

Mediepolitik an de Wahlprogrammer

Eng Moderniséierung vun der Pressehëllef an eng Ofsécherung vun der Onofhängegkeet an dem Pluralismus an der Medielandschaft sinn déi zentral Sujeten an de mediepolitesche Kapitele vun de Programmer fir d'Chamberwahlen 2018.

auto_stories

5 min

De Serge Kesseler mat enger Analys vun der Mediepolitik an de Wahlprogrammer.

Quasi all Partei huet am Virfeld vum 14. Oktober Virschléi zu mediepoliteschen Themen opgeschriwwen. D'Iddi vun engem ëffentlech-rechtlechen Televisiouns-Sender respektiv ëffentlech-rechtlechen Déngschtleeschter dogéint fënnt een nëmme bei e puer Parteien.

déi Lénk: Ëffentlechen audiovisuellen Déngschtleeschter

déi Lénk proposéieren an hirem Programm en ëffentlechen audiovisuellen an digitalen Déngschtleeschter, dee sech un déi ganz Populatioun riichte soll, konsequent finanziell Mëttel kréien an dat néidegt Personal soll hunn. Dësen neie Service soll als Ergänzung zum radio 100,7 agefouert ginn, deem seng Mëttel missten erhéicht ginn.

déi Lénk wëllen eng fräi Press garantéieren. D'Partei kritiséiert an hirem Programm, datt et zwar eng Pluralitéit vun de Medie géif ginn, awer keng Pluralitéit vun den Iddien. Eng ëffentlech Finanzéierung vun der Press kéint d'Onofhängegkeet vun de Medie géintiwwer der Wirtschaft garantéieren, notéiert d'Oppositiounspartei. Esou eng Finanzéierung misst awer gerecht sinn:

"Es geht also darum, einen wirklichen Medienpluralismus und die Unabhängigkeit der Medien zu garantieren, die Rechte der Journalisten zu schützen und zu erweitern, ihre Abhängigkeit von den wirtschaftlichen Machthabern zu beenden und sicherzustellen, dass die öffentlichen Autoritäten einen grösstmöglichen Zugang zur Information garantieren."

Konventiounen tëschent dem Staat a privaten audio-visuelle Medien dierften net automatesch verlängert ginn, esou ee vu ville weidere Virschléi vun déi Lénk am mediepolitesche Beräich.

LSAP: Ëffentlech-rechtleche Fernsehsender

Ähnlech Iddie fënnt ee bei der LSAP. Et wéilt een am Sënn vum Mediepluralismus, och am audiovisuelle Beräich, en ëffentlech-rechtleche Fernsehsender grënnen:

"(...) mit programmatischem Schwerpunkt auf Nachrichtensendungen, Reportagen und Dokumentationen. Auch der veraltete und nicht mehr zeitgemässe gesetzliche Rahmen für den öffentlich-rechtlichen Radiosender 100,7 soll angepasst werden. Dabei drängt sich auch eine konsequente Aufstockung der Mittel auf."

Parallel dozou wëllt d'LSAP onofhängeg, net-kommerziell Radiosendere gezielt ënnerstëtzen. Als eenzeg Partei ass d'LSAP fir d'Schafe vun enger nationaler Presseagence, mam Zil eenzele Medie Spillraum fir spezifesch Recherchen ze ginn.

déi gréng: En europäeschen Noriichten- a Bildungsssender

déi gréng si fir d'Schafe vun engem europäeschen Noriichten- a Bildungssender. D'Iddi vun enger ëffentlech-rechtlecher Televisioun hei am Land wëllen déi gréng fir d'éischt analyséieren. D'Partei wëllt:

"- Die Schaffung eines öffentlich-rechtlichen Fernsehprogramms prüfen.
- Qualitätskriterien für die Pressehilfe festlegen, welche von einem unabhängigen Gremium überwacht werden sollen.
- Die konventionelle Pressehilfe überdenken und (...) langfristig Wege für eine breitere 'Medienhilfe' für Informationsmedien ausarbeiten."

Zesumme mat den Intressevertrieder wëllen déi gréng Qualitéitscritèrë fir d'Pressehëllef fixéieren, déi duerno onofhängeg sollen iwwerpréift ginn. Bei der Reform vun der Pressehëllef missten d'Bäihëllefe substantiell vergréissert ginn op Basis vun enger nationaler Strategie, déi all Medie géif respektéieren

CSV: Erweiderung vun der Pressehëllef

Och d'CSV wëllt déi staatlech Hëllef iwwer déi gedréckte Press eraus erweideren. D'Gesetz soll iwwerschafft ginn an un d'Realitéite vun der Medielandschaft, grad wéi un d'Konsumverhale vun de Bierger ugepasst ginn.

"Staatliche Förderung der Presse kann sich nicht auf Printprodukte beschränken. Wir brauchen eine breite gesetzliche Basis. Staatliche Förderung der Medien muss für die CSV darauf setzen, Pluralismus zu erhalten. Neben der Meinungsvielfalt muss bei der Vergabe von Hilfsgeldern auch die Pluralität der Gesellschaft berücksichtigt werden."

Piraten: Eng onofhängeg Kommissioun fir d'Pressehëllef

Grad wéi aner Parteie wëllen och d'Piraten déi finanziell Ënnerstëtzung moderniséieren.

"Eng modern Pressehëllef consideréiert nieft der gedréckter Press och Informatiounsportaler am Internet an iwwer nei Technologien. (...) Donieft fuerdert d'Piratepartei d'Creatioun vun enger onofhängeger Kommissioun fir d'Vergab vun der Pressehëllef, no transparente Kriterien."

Transparenz soll de Piraten no och bei de Besëtzverhältnisser vun alle Presseorganer geschafe ginn.

DP: Vilfalt an Onofhängegkeet garantéieren

D'DP huet direkt e puer Mol an hirem Wahlprogramm stoen, datt si d'Onofhängegkeet an d'Vilfalt vun der Press wéilt garantéieren, zum Beispill:

"Gerade in Zeiten in denen soziale Medien weltweit gezielt genutzt werden, um 'fake news' zu verbreiten, ist Qualitätsjournalismus umso bedeutender. Die DP wird daher auch in Zukunft die Vielfalt und Unabhängigkeit der luxemburgischen Presse garantieren."

ADR: Net just "Mainstream-Iddien"

D'ADR fuerdert eng Verbesserung vum Gesetz iwwer d'Pressehëllef, fir "nees fir méi Pluralitéit" ze suergen an déi elektronesch Medien nach besser ze berücksiichtegen. D'Oppositiounspartei verlaangt, datt d'Press sech net zum Porte-parole vun der Regierung soll maachen, an net just "Mainstream-Iddien" soll verbreeden.

"An der Press soll all Denkrichtung hiren Ausdrock fannen, ouni datt mir engem Presseorgan d'Recht op eng redaktionnell Linn ofstreiden. Medien, déi eng staatlech Pressehëllef kréien, sollen och esou Meenungen eng Plaz ginn, déi net hirer eegener 'ligne éditoriale' entspriechen."

Fir déi audiovisuell Medien, déi vum Staat ënnerstëtzt ginn, fuerdert d'ADR e "Cahier des charges" fir politesch Reportagen. Politesch Meenungen dierfte weder um Internet, nach op anere Plazen zenséiert ginn, schreift d'Partei an hirem Programm.