Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Existenzgrondlag fir kleng Medien

Mediepolitik

Eng Existenzgrondlag fir kleng Medien

Radio ARA fuerdert d'Schafe vun engem "Fong fir de Pluralismus vun den audiovisuelle Medien". Éier eng Subventioun fir RTL decidéiert gëtt, sollt iwwer déi ganz Medielandschaft diskutéiert ginn. De Staat misst gesellschaftlech relevant Inhalter an net just RTL ënnerstëtzen, seet de Robert Garcia, Gérant vun "Alter Echos".

auto_stories

2 min

De Robert Garcia am Juni 2015 mat der deemoleger Kulturministesch Maggy Nagel (riets) an hirer Virgängerin Octavie Modert.

Mam Mediegesetz vun 1991 wier anescht wéi geplangt d'Diversitéit am Beräich vun den audiovisuelle Medien net gestäerkt ginn, esou de Robert Garcia. De Gérant vun der Sàrl "Alter Echos", déi de Radio Ara bedreift, kritiséiert, datt RTL elo soll staatlech subventionéiert ginn, ouni datt eng méi allgemeng Debatt iwwer d'Medielandschaft gefouert géif ginn. Zil vun der Mediepolitik misst et sinn, de Pluralismus ze stäerken.

De Radio ARA fuerdert dowéinst d'Schafe vun engem "Fong fir de Pluralismus vun den audiovisuelle Medien". Ähnlech wéi bei der finanzieller Hëllef fir déi geschriwwe Press, sollten och Radioen an Televisioune kënnen eng Hëllef vum Staat kréien, wa se an hirem Programm Elementer vun engem "Service Public" hunn.

Gesellschaftlech relevant Inhalter finanzéieren

Mat dësem Fong kéint ee verhënneren, datt een "tout azimut Geld verdeelt un iergendwellech Leit, déi Playliste verduddelen". Et misst ee kucken, wéi eng Programmer fir d'Gesellschaft wichteg sinn an dofir sollte subventionéiert ginn. De Robert Garcia nennt als Beispiller edukativ an interkulturell Programmer vu Radio ARA, respektiv Inhalter op verschiddene Sproochen (wéi zum Beispill den engleschsproochegen "ARA City Radio".

D'Iddi vum Fong fir d'audiovisuell Medien hätt de Radio ARA och schonn de politesche Fraktiounen an der Chamber presentéiert. Dat am Hibléck op déi fir Mee geplangte Chamberdebatt iwwer d'Qualitéit vun de Medien.

Robert Garciaplay_arrow