Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méi gerecht, mee net gerecht genuch"

Mee 1968

"Méi gerecht, mee net gerecht genuch"

D'Studenterevolt huet sech och géint en autoritären an elitären Educatiounssystem gestallt. Zu Lëtzebuerg goufe Reformen acceleréiert. Mee vill Idealer vun deemools goufe bis haut net ëmgesat.

auto_stories

3 min

Et war scho virun 1968 Beweegung am Lëtzebuerger Schoulsystem, huet de Ben Fayot betount. Den Historiker a fréieren LSAP-Deputéierten huet erkläert, datt nom Zweete Weltkrich ee Broch geschitt ass.

Moderniséierung scho virun 1968

D'Fuerderung no enger Demokratiséierung vum Schoulsystem ass no 1945 opkomm. Méi jonk Leit sollten an de Lycée dierfe goen, fir ee sozialen Opstig ze packen. D'CSV-Ministeren, déi den Educatiounsressort vun 1945 bis 1974 haten, hätten ënner dem Drock vu progressive Kräften an der Gesellschaft Reforme gemaach.

1968 ass ënner der deemoleger CSV-LSAP-Regierung eng Reform a Kraaft getrueden, déi am Lycée d'Co-Educatioun vu Meedercher a Jongen grad ewéi d'Moral Laïque als Alternativ zum Reliounsunterrecht agefouert huet.

Enn vun der "Collation des grades"

Am Mee '68 ginn d'Schüler a Studenten net just zu Paräis op d'Strooss. Och hei am Land huet et 1968 an déi Joren duerno rumouert.

Eng direkt Konsequenz war, datt d'Collation des grades 1969 no Protester vun de Studente vum Cours supérieur ofgeschaf gouf. Dëse System huet virgesinn, datt déi Lëtzebuerger Studenten net op hiren Universitéiten am Ausland, mee vun Enseignanten hei am Land gepréift ginn.

Eréischt duerno sinn déi meescht Lëtzebuerger "richteg Studenten" op hiren Universitéite ginn, esou de Guy Linster, Staatssekretär fir Educatioun ënner der sozialliberaler Koalitioun vun 1974 bis 1979. Dat wier kloer ee Succès vun der '68er-Bewegung hei am Land, fënnt de Robert Bohnert, fréieren Direkter vum Dikrecher Kolléisch an CSV-Member.

Sozialliberal Reformen

1974 kënnt et zu engem Regierungswiessel mat enger sozial-liberaler Koalitioun, an d'CSV ass déi éischter Kéier zanter dem Krich net méi um Rudder. Eng éischt Mesure vum LSAP-Educatiounsminister Robert Krieps war, fir de Passage-Examen no der Cinquième ofzeschafen. Deen Examen hätt guer näischt bruecht, esou d'Erklärung vum Guy Linster.

1979 ass dunn eng gréisser Reform komm, déi ënner anerem den Tronc Commun virgesinn huet, als eng gemeinsam Educatioun vun alle Schüler an den éischte Lycéesjoren. Déi Reform ass um Widderstand vun den Enseignante gescheitert, déi een "Nivellement vers le bas" kritiséiert hunn.

Chancëgläichheet - bis haut en Thema

De Reproche vum Nivellement vers le bas ass bis haut zentral bei Reformdebatten am Lëtzebuerger Schoulsystem.

An der Schülerzäitschreift Roud Wullmaus gouf 1970 analyséiert, wéi Aarbechterkanner an de verschiddene Lycées-Fillièrë vertruede sinn. Mat der Conclusioun: "D'Bourgeoise-Kand ass iwwerrepräsentéiert an iwwerprivilegiéiert." D'Thema vun der Chancëgläichheet wier deemools effektiv méi akut ginn, esou de Ben Fayot.

Zanterhier wier "sou muenches geschitt", esou de Konsens tëscht den dräi Invitéen. Trotzdeem wier nach vill ze dinn.


Zweet vun dräi Table ronden

Am Kader vum Réckbleck op 50 Joer Mee '68 organiséieren de radio 100,7 an d'Wochenzeitung woxx dräi Ronndëschgespréicher ënner dem Motto "The times, they are a'changing! Mee '68 an duerno".

An der éischter Table ronde vum 27. Mee stoungen déi "nei sozial Beweegungen" am Mëttelpunkt. Déi drëtt Emissioun den 1. Juli steet ënner dem Titel "Dat Perséinlecht ass politesch".