Radioen

On air

Webinar  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi a Roboter investéieren

Kënschtlech Intelligenz

Méi a Roboter investéieren

Roboter huele keng Aarbecht ewech, mee op laang Siicht brénge si méi Wuesstem an Aarbechtsplazen, sou d'Iwwerzeegung vun der EU-Kommissioun. Bréissel wëllt d'Investitiounen an deem Beräich ënnerstëtzen. Ethesch Froen am Ëmgang mat kënstlecher Intelligenz gi bis elo ausgeklamert.

auto_stories

3 min

Ass e Roboter méi wéi eng einfach Maschinn? Brauch eng kënschtlech Intelligenz, déi zum Beispill een Auto steiert, ee spezielle legale Statut? Wéi soll de Konsument an dëse Fäll geschützt ginn? Dat alles si Froen, op déi et bis elo an der EU keng kloer Äntwert gëtt.

EU ass hannendran

D'Europäesch Unioun soll virun allem den Zuch net verpassen, wann et ëm d'Automatiséierung an den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz geet. "Kënschtlech Intelligenz ass schonn een Häerzstéck vun eiser Industrie", sot e Mëttwoch d'EU-Industriekommissärin Elsbieta Bienkowska. D'Polin koum grad vun der Industrie-Foire zu Hannover erëm a war sichtlech impressionnéiert dovun, wéi eng wichteg Roll Roboter an der industrieller Weiderentwécklung spillen.

"Kënschtlech Intelligenz ass am gaangen d'ganz Welt ze veränneren", sot d'Maryia Gabriel, EU-Kommissärin fir Digital Ekonomie. D'EU wéilt de Bierger an den Entreprisen hëllefen, dëse Beräich besser fir sech ze notzen. D'Kommissioun hätt gären, datt ronn 20 Milliarden Euro an den nächsten dräi Joer an dee Secteur investéiert ginn.

Ethesch Froe bis elo ausgeklamert

Ethesch Froen, wéi déi vun der Responsabilitéit vun de Produzenten an der digitaler Welt ginn awer op méi spéit verluecht. Eng Allianz vun Experten aus verschiddenen Domainë soll bis Juli op d'Bee gesat ginn, bis Enn des Joers sollen ethesch Leitlinnen ausgeschafft ginn, sou d'Maryia Gabriel.

D'Europadeputéiert Mady Delvaux ass enttäuscht. Et wiere Jore verluer gaangen, an deenen Expertegrupp scho laang hätte sollen aktiv ginn.

Eng elektronesch Persoun mat eegene Rechter?

D'Sozialistin war Rapportrice vum Europaparlament an dësem Dossier. Am Februar hat d'Parlament seng Meenung an eng Resolutioun gestëmmt, op dee virun zwou Wochen eng Partie Wëssenschaftler an engem oppene Bréif un d'Kommissioun rose reagéiert hunn.

De Grond: d'Parlament hat d'Kommissioun an där Resolutioun opgefuerdert, ze iwwerpréiwen, ob een net op laang Siicht misst ee spezifesche legale Statut fir Roboter schafen. D'Experten aus Industrie a Wëssenschaft soe sech besuergt iwwer dëse Passage am Text.

Déi juristesch Kategorie vun enger elektronescher Persoun schafen, dat kéint och heeschen, datt déi Persoun ganz aner Rechter kritt, seet d'Juristin Nathalie Nevejans, déi dee Bréif initiéiert huet. An dat wier schockant.

EU-Gesetzer upassen?

Et wier falsch dovun auszegoen, datt et juristesch schwéier ass, d'Fro vun der Responsabilitéit ze klären, wann ee Mënsch duerch eng Aktivitéit vun engem Roboter zu Schued kënnt. Och nach esou e sophistiquéierte Roboter, deen autonom handelt, géif ëmmer eng Maschinn bleiwen, där ee keng Responsabilitéit noweise kann, sou d'Konklusioun vun den Experten am oppene Bréif.

D'Mady Delvaux kann allerdéngs d'Opreegung net verstoen. Déi Optioun vum legale Statut fir Roboter wier eben an der Diskussioun: D'Parlament hätt wëllen den Ustouss ginn, datt een doriwwer een oppenen Debat féiert. Perséinlech wier si net dofir, dee Statut anzeféieren.

Och op laang Siicht gesäit d'Nathalie Nevejans hei kee Besoin. Sécher géifen heiansdo Froen optauchen, mee d'Geriichter kéinten déi op Grond vun de bestoende Gesetzer tranchéieren.

Konsumenteschutz

Dem Parlament wier et drëm gaangen ze kucken, wéi een de Konsument schütze kann, sou d'Mady Delvaux. D'Kommissioun verweist heifir den Ament op d'Direktiv iwwer d'Produkthaftung, déi d'Responsabilitéit vum Produzent par Rapport zum Konsument regelt. Déi gëtt et zanter 1985 a si ass den haitegen Erausfuerderungen net méi gewuess, sou d'Mady Delvaux.

D'LSAP-Europadeputéiert fäert awer, datt et ëmmer méi schwéier fir de Konsument gëtt, säi Recht anzekloen. Zum Beispill ass bis elo net gekläert, ob een Algorithmus ee Produit ass oder net.

Och den Europäesche Büro fir de Konsumenteschutz verlaangt hei méi Kloerheet. Dat europäescht Gesetz misst moderniséiert ginn.

D'Kommissioun huet betount, datt si och an Zukunft an der Definitioun eng kloer Trennlinn tëscht Roboter a Mënsch zéie wëllt. "Roboter kënnen nimools Mënsche ginn", sot d'Elsbieta Bienkowska.