Ënner Lëtzebuerger Fändel fueren iwwer 200 Handels- a soss kommerziell Schëffer. Well och dëser Schëffer laanscht d'Küste vun Afrika fueren, géif een d'Situatioun och suivéieren, esou de Regierungs-Kommissär zoustänneg fir d'Affaires maritimes, Robert Biwer. Am Oste vun Afrika - am Golf vun Aden an am Indeschen Ozean - hätt de Problem sech zanter e puer Joer berouegt, well do international Marine-Unitéite Patrull gemaach an d'Schëffer eskortéiert hätten. Gläichzäiteg kéinten op dëse Schëffer privat Sécherheetsleit agesat ginn, seet de Robert Biwer.
Problem a Westafrika méi grouss
Méi Problemer géif et elo a Westafrika an am Golf vu Guinea ginn, well déi eenzel Staaten déi international Marine-Unitéiten net an hir Gewässer géife loossen. Et géif een do och keng privat Garden op d'Schëffer setze kënnen, erkläert de Regierungs-Kommissär weider. De Problem a Westafrika wier méi grouss ginn, well d'Pirate wéissten, datt d'Schëffer net geschützt sinn. Am Golf vu Guinea - also am Weste vun Afrika - wieren haaptsächlech Schëffer betraff, déi am Ueleg-Geschäft aktiv sinn, z. B. Tankschëffer. Dës Schëffer wiere fir d'Piraten interessant, well se d'Produite mathuelen a verkafe kéinten.
Virun Nigeria géifen déi grouss Pëtrolsfirmae fir d'Sécherheet vun de Schëffer ronderëm d'Buerinsele suergen. Fir de Wee un d'Festland géifen et Secherheetslinn-Couloire ginn. Problemer géifen et quasi nëmme ginn, wann d'Schëffer dës Sécherheetsberäicher verloossen, esou de Robert Biwer.
Wéineg Lëtzebuergesch Schëffer betraff
Zanter 2012 wieren alles an allem manner wéi zéng Lëtzebuerger Schëffer attackéiert ginn. Enn Februar war zum Beispill e Schëff vu fënnef Piraten am Golf vu Guinea ugegraff ginn: zwou Persoune goufe blesséiert. An esou Fäll gëtt hei am Land eng Krise-Cellule aktiv, erkläert de Robert Biwer. D'Situatioun misst als éischt analyséiert ginn, well et géife verschidden Zeenarie ginn: si Leit entféiert ginn, ass just geklaut ginn, si Geisele geholl ginn, oder ass dat ganzt Schëff entféiert ginn?
Wéi een hei am Land mat Fuerderungen no Léisegeld ëmgeet, wollt de Regierungskommissär - aus verständleche Grënn - net präziséieren.
De Serge Kesseler am Panorama de Mëttwoch, 11. Abrëll um 7 Auer: