Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méi Auslänner fir déi Lëtzebuerger Politik interesséieren!"

Nei Spëtzt fir CSI

"Méi Auslänner fir déi Lëtzebuerger Politik interesséieren!"

De Saad Nabbi ass neie President vun der CSI - der CSV International. Zesumme mat engem neie Comité wëllt hie sech als Sproochrouer vun der auslännescher Communautéit staark maachen a méi Leit fir d'Ënnerorganisatioun vun der CSV begeeschteren.

auto_stories

1 min

Lauschtert de ganze Bäitragplay_arrow


"Mir wëllen d'Kommunikatioun vun eiser Organisatioun verbesseren, no baussen, mee och no bannen a Richtung vun der auslännescher Communautéit" - seet den neie CSI President Saad Nabbi. Den 32 Joer ale Lëtzebuerger-Marokkaner hofft e puer honnert Leit op d'Leschte vun den nächste Gemengewalen ze kréien. "Mir wëllen der Partei och hëllefen en interessante Programm fir d'Integratioun vun Auslänner fir déi nächst Walen auszeschaffen".

Wuel wier scho vill gemaach gi fir Auslänner un der Politik ze interesséieren, mee d'Participatioun un de Wale géif net duer goen. D'Auslänner géife sech dacks net trauen an eng Partei ze goen. Eng Barrière wier d'Sprooch. "Mir fanne lëtzebuergesch wichteg" - seet de Saad Nabbi - mee den aktuelle Sproocheregimm vum Land wier net méi adaptéiert, fir déi nei Leit déi hei hikommen, zum Beispill aus Eritrea oder Syrien.

Sträit ëm d'CSV-Parteispëtzt

"Ech weess näischt weider iwwert d'Parteispëtzt, wéi dat wat d'Medie gemellt hunn", seet de Saad Nabbi nach. Als Ënnerorganisatioun wiere si net betraff an hätten ëmmer normal funktionéiert. "Ech fannen et och besser, mech op déi Saachen ze konzentréieren, op déi ech eng Influence hunn", ënnersträicht de Saad Nabbi.