Radioen

On air

De Moien  |  Elvis Costello & The Imposters - Unwanted Number

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Austrëtter aus der Kierch

Relioun

Méi Austrëtter aus der Kierch

An de leschte puer Woche gouf et geheeften Austrëtter aus der kathoulescher Kierch, seet de Generalvikar Leo Wagener. Dorënner wiere vill Jonker, awer och eeler Leit, déi laang kathoulesch waren. An hiren Deklaratiounen hätten déi Betraffen och Bezuch geholl op d'Mëssbrauchsskandaler an der kathoulescher Kierch, sou de Generalvikar.

auto_stories

2 min

D'Leit déi ausgetruede si géifen och bewosst Bezuch op d'Mëssbrauchsskandaler vun der kathoulescher Kierch huelen, sou de Leo Wagener.

"Mir brauchen eng nei Sexualmoral, mir hätten déi scho ganz laang gebraucht", seet de Leo Wagener, dee sech perséinlech e fräien Zölibat ka virstellen. Mëttlerweil wier Sexualitéit e feste Bestanddeel an der Ausbildung vun de Seminaristen.

Selbstkriteschen Ëmgang

Déi gesellschaftlech Stellung vum Paschtouer als Autoriéitspersoun hätt ofgeholl an och d'Relatioun tëschent der Gesellschaft an dem Paschtouer wier haut eng aner. Et misst ee sech selbstkritesch hannerfroen, wéi Kleriker mat Muecht géifen ëmgoen, mat Autoritéit an och mat Sexualitéit.

Zu Lëtzebuerg géife sech nach ëmmer Persoune bei der Hotline vun der Kierch mellen, déi Affer vu Gewalt oder sexueller Gewalt duerch Kierchemembere gi sinn, esou de Generalvikar. D'Dote wieren all verjäert an d'Täter géifen net méi liewen.

D'Roll vun der Fra an der Kierch

D'Fro, wéini Frae kéinte Paschtouer gi géif sech haut nach net stellen, seet de Leo Wagener:

"Et muss een elo an Etappe virgoen an et dierf een elo d'Kierch, dat ass e ganzt grouss Gebilde, net an engem gewësse Sënn direkt mat allen Sujeten iwwerfuerderen, mee et muss een elo mol Etappe goen. Eng Etapp kann elo mol sinn, vu "Viri probati", vu Männer, déi bestuet sinn, déi erprouft sinn an hirem Glawen an hirem Stot, déi kéinten eng Wei empfänken. Dat wier mol eng éischt Etapp. An duerno muss ee weider kucken. An do ass duerchaus méiglech, datt elo op der neier Amazonassynode, déi am Oktober wäert stattfannen (eise Bëschof ass momentan zu Washington fir e wichtegt Referat ze halen an deem Kontext) ze kucken, wat fir eng Méiglechkeete sech och do opdinn."