Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi bio a lokal Produiten an de Lëtzebuerger Kantinnen

Zouliwwerungsplattform "Supply 4 Future"

Méi bio a lokal Produiten an de Lëtzebuerger Kantinnen

Iwwer eng digital Zouliwwerungsplattform mam Numm "Supply 4 Future" soll an de Schoule méi biologesch a lokal Produiten an de Schoulen ugebuede ginn. Esou heescht et vu Restopolis, dem Bedreiwer vun de Lëtzebuerger Schoulkantinnen. Sou solle Baueren hier Produiten einfach an ouni vill Aschränkungen an de Kantinnen ubidde kënnen.

auto_stories

2 min

Pressekonferenz Supply4Future (Foto: Morgane Weidig)

Lauschterenplay_arrow


Déi eenzeg Krittären, déi d'Baueren erfëlle missten, sinn, datt hier Produite bio a lokal sinn, an datt se dee vu Restopolis gesate Budget respektéieren, esou d'Cheffin vu Restopolis Monique Ludovicy. Et sollt fir de Recht egal sinn, iwwer wéien Zäitraum, zu wéienger Saison, wéi vill oder wat se ubidden.

"Wann ee lo als Muerte-Produzent zu Dikrech nëmme Muerten am Dikrecher Lycée wëll verkafen, da kann een dat maachen. Et kann een awer och Muerte an der ganzer Nordstaatregioun verkafen, mee et kann een och eng Offer maache fir säi Geméis am ganze Land ze verkafen oder nëmme pro Site oder pro Regioun."

Dësen Hierscht soll d'Testphase vun der Plattform ufänken a vum Hierscht d'nächst Joer u soll et fir all Schoulkantinnen am Land dann obligatoresch ginn, fir hier Produiten doriwwer ze kafen.

De Marché ka wuessen

De President vun der Associatioun Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, Luc Emering, begréisst dës Efforten. Et géif nämlech e méi grousse Marché fir bio a lokal Produiten entstoen.

"Mat deem Volummen, deen hei pro Joer iwwer d'Théik geet, ass dat absolut eppes, wat d'Bauere wäert an Zukunft derzou beweegen, méi ze diversifizéieren, méi Geméis, méi Produktiounen hei zu Lëtzebuerg unzebauen, déi mir haut nach net hunn."

Och fir kleng Betriber kéint et iwwer dee Wee méi einfach ginn, hier Wuer un d'Schoulkantinnen ze liwweren, well dann net méi nëmme grouss Quantitéite gefrot géife ginn, esou nach de Luc Emering.