Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Bio-Landwirtschaft - mee wéi?

Riicht Eraus

Méi Bio-Landwirtschaft - mee wéi?

Bis 2025 sollen hei am Land ronn fënnefmol méi Agrarfläche fir biologesch Landwirtschaft genotzt gi wéi bis elo. Deen Ausbau wier néideg, mengt de Bio-Bauer Tom Kass. De President vun der Landwirtschaftskammer Guy Feyder gesäit dat Zil awer kritesch.

auto_stories

4 min

Laangfristeg plangt d'Regierung souguer 100 Prozent biologesch Landwirtschaft hei am Land. Dat Zil wier utopesch, well de Bio-Marché hei am Land ze kleng wier. Dat mengt de President vun der Landwirtschaftskammer a konventionelle Mëllechbauer, de Guy Feyder. Et géif senger Meenung no kee Sënn maachen, Bio-Produiten ze realiséieren, "wann ee se um Marché - wéi en den Ament funktionéiert - net ofsetze kann". Dat wier senger Meenung no den Haaptgrond, firwat konventionell Bauere géifen zécke fir op Bio-Landwirtschaft ëmzestellen.

"Wat hu mir dann dovun, wa mir ze vill Bioproduiten hunn, déi mir um Marché net lass ginn? Se eventuell bëlleg am Ausland musse verramschen. Dat dierf ee jo net ausklameren."

De Bio-Bauer Tom Kass hält deem entgéint, datt et eng Noutwendegkeet fir méi biologesch Landwirtschaft géif ginn. Ënner anerem wéinst dem Réckgang u Biodiversitéit, der Erosioun vun de Biedem an der Drénkwaasserverschmotzung. "Da kann een net op där anerer Säit soen, mir kucken nëmmen, ob de Marché do ass." Et wéilt een déi Form vu Landwirtschaft ausbauen, well et "fir d'Iwwerliewe vun eis all batter néideg ass".

Doriwwer eraus géif et wuel e Marché fir Bio-Produite ginn. Allerdéngs géife weder déi konventionell nach déi biologesch Betriber hei am Land wéi eng "Firma" funktionéieren, déi rentabel muss sinn. Ee groussen Deel vum Akommes vu Bauere kënnt nämlech iwwer staatlech Subventiounen.

"D'Landwirtschaft agéiert net méi wierklech op engem Marché. Dat ass ee manipuléierte Marché, wou een net ka soe 'mir maachen dat, wat dobausse gefrot gëtt.'"

Wat si Konsumente bereet ze bezuelen?

Wann d'Regierung wéilt, datt déi ganz landwirtschaftlech Betriber sech hei am Land laangfristeg op Bio sollen ëmstellen, da misst d'Berodung net bei de Baueren, mee bei de Konsumenten ukommen, fuerdert de Guy Feyder. "D'Konsumente sinn déi, déi entscheeden, wat si wëlle kafen."

Datt déi gréng Partei bei de leschte Chamberwahlen un Zoustëmmung gewonnen hätt, géif weisen, datt et eng ëmmer méi grouss Akzeptanz fir Ëmweltfroe géif ginn. Mee et wier mënschlech, fir sech fir dee méi bëllege Produit ze entscheeden, esou de President vun der Landwirtschaftskammer.

"Ech géif mol woen ze behaapten, wann et an der Wahlkabinn méi deier wier gréng ze wielen, wéi rout oder blo - et kascht jo näischt wuel gemierkt - da wier wahrscheinlech net méi 15 Prozent (Zoustëmmung fir déi gréng) erauskomm. Wat wëll ech domat soen? Datt et mënschlech ass, datt Leit, wann eppes méi deier gëtt, si eben zécken."

Den Tom Kass an de Guy Feyder ware sech awer eens, datt eng Ëmstellung op Bio-Landwirtschaft net dierft bedeiten, datt Bio-Produiten um Schluss ënner Wäert verkaf ginn. Wann eng Ëmstellung op Bio géif passéieren, misst de Client dofir "de korrekte Präis bezuelen", esou den Tom Kass. "Respektiv déi konventionell Produkter musse méi deier gi fir dee Schued ze ersetzen, dee se maachen."

Glyphosat-Ersatz?

Bis Enn d'nächst Joer soll dat ëmstriddent Pestizid Glyphosat hei am Land net méi benotzt ginn. Dat gesäit de Koalitiounsaccord vir. De Glyphosat duerch een anert Sprëtzmëttel ze ersetze wier keng Optioun, mengt den Tom Kass. An et wier och net op enger Linn mam laangfristegen Zil vun 100 Prozent biologesch Landwirtschaft.

An der biologescher Landwirtschaft ginn nämlech keng chemesch-synthetesch Planzeschutzmëttel agesat. Et misst een och de Volet vun der Recherche a vun neien Techniken an d'Diskussioun afléisse loossen, seet sengersäits de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

"Et geet also net nëmmen drëm ze kucken, wat eng Alternativ kéint sinn. Obwuel mir och do awer net sollen dolaanscht kommen, well hautdesdaags gëtt et jo nach keng, mee an Zukunft kéint et awer och biologesch ofbaubar Mëttele ginn, déi d'Leit kënne notzen. Mee et gi virun allem och Alternativen."