Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi breet Autobunnen: Pro a Contra

Chamberwahlen 2018

Méi breet Autobunnen: Pro a Contra

Am Virfeld vun de Chamberwahlen huet d'CSV proposéiert, fir all d'Autobunnen hei am Land op sechs Spuren auszebauen. Wéi realistesch ass dat? Wat halen déi aner Parteie vun dësem Virschlag? A wéi gesinn hir Alternativen aus?

auto_stories

8 min

D'Verkéiersinfrastrukture sti schonn haut virum Kollaps, stellt d'CSV an hire Wahlkampf-Prioritéiten fest. D'Partei schreift vun enger Iwwerlaaschtung vum Stroossereseau op verschiddene Plazen am Land.

Dowéinst proposéiert d'CSV eng nei Mobilitéits-Offensiv, zu där Zukunfts-Iddie gehéieren, déi virun e puer Joer nach net virstellbar gewiescht wieren, déi sech awer elo regelrecht géifen opdrängen.

"Alle Autobahnen sollen langfristig auf drei Fahrbahnen je Fahrtrichtung ausgebaut werden. Die dritte Spur kann zu den Stoßzeiten gegebenenfalls Fahrgemeinschaften vorbehalten sein. Der Pannenstreifen soll obendrein bei Staus, von öffentlichen Nahverkehrsmitteln genutzt werden können."

Claude Wiseler relativéiert seng Ausso

Op Nofro hin huet den CSV-Spëtzekandidat a fréiere Minister Claude Wiseler den 13. August gesot, datt d'Verbreederungs-Projeten op der Diddelenger an op der Areler Autobunn an den nächste fënnef bis zéng Joer missten duerchgesat ginn. De Rescht vun den Autobunnen sollten dem CSV-Spëtzekandidat no an enger zweeter Etapp gekuckt ginn. Speziell d'Evolutioun vum Grenzverkéier misst analyséiert ginn.

"Ech hätt awer net ongär, datt och elo scho géing an de Planifikatiounen déi noutwenneg Terrain-Reservë virgesi ginn, datt esou een Ausbau méiglech ass."

déi gréng: Géint generellen Ausbau vun Autobunnen a fir Ausbau vum ëffentlechen Transport

Strikt géint ee generellen Ausbau vun allen Autobunne sinn déi gréng: am Kapitel "méi Mobilitéit amplaz méi Verkéier" steet an hirem Programm zum Thema motoriséierten Individualverkéier ze liesen:

"Auch wenn dat Straßennetz weiterhin modernisiert werden muss, um dem öffentlichen Transport und der Lebenqualität der Anrainer gerecht zu werden, so liegt die Lösung des Mobilitätsproblems nicht im Ausbau aller Autobahnen um eine weitere Spur, auf der sich die Atuos weiter stauen würden. Wir brauchen eine bessere Auslastung der Fahrzeuge und den Ausbau des öffentlichen Transportes und der Radwege. Dies ist nicht nur kurfristiger umsetzbar, es ist auch effizienter, kostengünstiger und umweldschonenender."

déi gréng schloe vir, datt an de Spëtzestonnen op de groussen Autobunnsachsen A3/A4 prioritär Korridore fir Busse solle geschafe ginn.

"Wien Autobunne séit, dee wäert Verkéier afueren", äntwert de grénge Partei-President Christian Kmiotek op den CSV-Virschlag. Et wier kloer, datt een do, wou et noutwenneg a sënnvoll wier, op dräi Spure géif ausbauen. "Ech denken un d'Diddelenger Autobunn, wou ee kéint mat enger drëtter Spur Plaz maache fir Co-Voiturage, fir Bussen. Mee et mécht kee Sënn iwwerall op dräi Spuren ze goen, et mécht héchstens Sënn den ëffentlechen Transport massiv auszebauen."

LSAP: Escher A4 ausbauen

D'LSAP ass fir een Ausbau vun Autobunnen: anescht wéi d'CSV wëllt awer och d'LSAP net all Autobunne méi breet maachen. Een Zitat aus dem LSAP-Programm fir d'Chamberwahlen de 14. Oktober.

"Aus Sicherheitsgründen und zur Vermeidung von Rückstaus bei Unfällen, muss die Hauptachse des internationalen Durchgangverkehrs Arlon-Luxemburg-Thionville ausgebaut werden. Die Escher Autobahn A4 soll auf drei Spuren erweitert werden, wobei die zusätzliche Spur für Busse und Auto mit Mifahrern reserviert wird."

Generell versprécht d'LSAP eng Mobilitéit, déi "net bremst, mee eis virubréngt". Eng Prioritéit dobäi misst d'Erweiderung vun der Offer vum ëffentlechen Transport sinn, esou och dës Majoritéits-Partei. "Deen einfachste Wee ass doudsécher fir elo ze soen: mir maachen eng Autobunn op sechs Spuren", seet den LSAP-President Claude Haagen zum CSV-Virschlag. Et géif sech d'Fro stellen, ob de Staat déi néideg Terrainen huet a wéi laang esou ee generellen Ausbau géif daueren. De Claude Haagen gëtt ze bedenken, datt e generellen Ausbau vun den Autobunnen immens héich Investissementer géif bedeiten. "Deen einfachste Wee ass fir ze soen, mir maachen zwee Mol dräi, dann ass jiddwer Lëtzebuerger zefridden", sou den LSAP-Parteipresident.

DP: Fir flexibel Notzung vun Autobunnsreseau

All Bierger soll selwer decidéieren, wéi e Verkéiersmëttel e wëllt benotzen, schléit d'Demokratesch Partei vir. Lëtzebuerg bräicht eng modern Verkéiersinfrastruktur, déi de Bierger et méiglech mécht, fir bequem a méiglechst séier vun A op B ze kommen.

Den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn A3 vun zwou op dräi Spure a Richtung Süden wäert mëttelfristeg zu enger Entlaaschtung féieren, schreift d'DP an hirem Programm. D'Partei versprécht och, datt d'Infrastruktur-Depensen däitlech solle vergréissert ginn. Eng weider Iddi vun der Demokratescher Partei ass eng flexibel Notzung vun den Autobunnspuren.

"Die DP möchte intelligent Systeme einsetzen, die die Anzahl an Fahrbahnen, je nach Verkehrsaufskommen in eine Richtung erhöhen und in die andere reduzieren kann. Vorstellbar wäre es zum Beispiel, wenn mehr Fahrbahnen morgens in Richtung Luxemburg Stadt zur Verfügung ständen, und Abends statt auswäerts. Die DP wird prüfen, inwiefern ein mobil versetzbares Leitplankensystem auf Luxemburgischen Autobahnen und Nationalstraßen machbar ist, um so die Straßenkapazität in den Spitzenstunden in eine Richtung zu erhöhen."

"Natierlech muss(en) (et) do, wou et geet, sou séier wéi méiglech Spure kënne bäikommen, wou et ebe Sënn mécht. Mee fir elo global ze soen, all Autobunn op X Spuren, ech mengen dat ass e bëssen iwwerdriwwen", seet den DP-Generalsekretär Claude Lamberty

Piratepartei: Méi Verbindungsstroossen a Contournementer bauen

Ähnlech gesäit dat d'Piratepartei: engersäits géif den Ausbau net duergoe fir den Trafic méi fléissend ze maachen, seet de President Sven Clement. Do wou Alternativen onméiglech sinn, soll een awer iwwert de punktuellen Autobunnsausbau nodenken. Flächendeckend dräi Spure wëllen ze bauen halen d'Pirate fir onsënneg. "Do sollt ee sech vläicht éischter d'Fro stellen, kënne mir de Reseau net anescht optiméieren, zum Beispill an deem mir op anere Punkte Verbindungsstroossen oder Contournementer bauen."

déi Lénk: Iwwergang zu nohalteger Mobilitéit

déi Lénk stellen an hirem Programm fest, datt an der Mobilitéit déi politesch Feeler aus der Vergaangenheet net ze iwwersi wieren.

"Über Jahrzehnte waren die Investitionen in den öffentlichen Transport völlig unzureichend, während die Infrastrukturen fast ausschließlich auf den motorisierten Individualverkehr ausgerichtet waren. Zusammen mit einem Mangel an vorausschauender Landesplanung, hat diese Politik datz geführt, dass die Hauptverkehrsadern, teilweise weit über ihre Kapazitätsgrenzen hinaus belastet sind und Luxemburg in der Liste der staureichsten Länder der Welt, mittlerweile auf Platz 15 liegt."

D'Zil wier "méi Mobilitéit mat manner Verkéier", halen déi Lénk fest. Den Iwwergang zu enger nohalteger Mobilitéit wier awer e mëttel- a laangfristege Prozess.

Kommunistesch Partei: Manner Aarbechtsplazen an a ronderëm d'Stad usidelen

Fir eng "Verkéierspolitik am Interesse vun de Bierger" ze erreechen, dierft den Haaptdeel vun den Aarbechtsplazen net méi an a ronderëm d'Haaptstad entstoen, fuerdert déi Kommunistesch Partei am Entworf fir hire Wahlprogramm.

"Eine Dezentralisierung der Arbeitsplätze ist notwendig, damit weniger Menschen dieses zentrale Gebiet ansteuern müssen."

Och d'KPL fuerdert eng prioritär Fërderung vun ëffentlechen Transportmëttelen. Zur Fro, ob d'Autobunne sollen ausgebaut ginn, fënnt een näischt am Programmentworf vun der Kommunistescher Partei.