Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengepolitik: Méi "Congé", manner deier Kaddoen

Deel-Reform

Gemengepolitik: Méi "Congé", manner deier Kaddoen

D'Gemengepolitik soll méi attraktiv gemaach ginn - dat iwwer de Wee vun enger weiderer Deel-Reform vum Gemengegesetz. Den Text, deen d'Inneministesch Taina Bofferding den Dënschdeg de Moie presentéiert huet, gesäit ënner anerem méi Congé politique fir Gemengevertrieder vir. Geplangt ass och eng Rei deontologesch Prinzippie anzeféieren an déi penal Immunitéit vun de Gemengen ofzeschafen.

auto_stories

2 min

D'Inneministesch Taina Bofferding. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Iwwerspëtzt gesot, stéingen déi gewielte Gemengevertrieder hautdesdaags dacks mat engem Fouss am Prisong, sot d'Inneministesch Taina Bofferding den Dënschdeg de Moie virun der Press.

Penal Immunitéit vun de Gemenge gëtt ofgeschaaft

De Risiko sech - no enger Ënnerschrëft - a sengem perséinlechen Numm musse viru Geriicht ze veräntweren, géif vill Leit dovun ofhalen, sech an der Gemengepolitik ze engagéieren, esou d'Taina Bofferding:

"Dir wësst datt d'Decisiounen ëmmer méi komplex sinn, ëmmer méi Saache landen och viru Geriicht an de Gewielte kann onméiglech wierklech all eenzelen Dossier wierklech bis an de leschten Detail kennen."

Am Fall vun illegale Virgäng an enger Gemeng muss an Zukunft also de Procureur decidéieren, ob - zum Beispill - de Buergermeeschter oder awer d'Gemeng juristesch belaangt gëtt.

Deontologesch Reegelen

De Wonsch, d'Gemengen ze moderniséieren ass och d'Motivatioun hanner dësem Gesetzprojet. Deemno kréien d'Gemengen deontologesch Reegelen.

D'Gemengevertrieder sollen no Akraafttriede vum Gesetz och keng Kaddoen vun 150 Euro oder méi unhuelen, a si mussen Deklaratioune maachen, vun hiren Interêten an doriwwer eraus, esou d'Taina Bofferding:

"Si mussen och eng Deklaratioun vum Patrimoine ausfëllen, an där een iwwer déi eegen Immobiliëbesëtzer wéi och iwwer d'Immobilien vu sengem Partner, Partnerin informéiert. Dës Deklaratioun ass net publik mee si läit awer dem Gemengerot vir."

Méi Congé politique ënner engem neien Numm

Fir Politik a virun allem d'Aarbecht besser ënner een Hutt ze kréien, gëtt och de Congé politique eropgesat an ëmbenannt, well en net als Congé soll wouergeholl ginn.

Et géif ee mat der neier décharge pour activités politiques och laangjärege Fuerderunge vun de Gewielten entgéintkommen, esou d'LSAP-Ministesch. Jee no Mandat a Gréisst vun der Gemeng ginn et Stonne bäi:

"De grousse Prinzip ass, datt d'Leit aus dem Schäfferot méi wäerte fräigestallt ginn, well mir och gemierkt hunn, datt do de Besoin am gréissten ass."

Och den Elterecongé fir Gemengemandataire géif hir um Häerz leien, seet d'Inneministesch. Aktuell géif ee mam Finanzministère an der Sécurité sociale um Theema schaffen. Laangfristegt Zil misst sinn, ee proppere Statut fir Gewielten ze schafen, dat géif d'Froen déi sech stelle vereinfachen.