Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi deier fir Studenten, méi komplizéiertfir Betriber

Brexit

Méi deier fir Studenten, méi komplizéiertfir Betriber

Den 1. Januar gouf den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU Realitéit. An trotz dem Handels- a Kooperatiounsaccord, deen um Enn awer nach fonnt gouf, si vill Ännerungen a Kraaft getrueden. D'Konsequenzen dovunner spieren ënner anerem Studenten aus EU-Länner: Fir si ass et elo vill méi deier fir op enger brittescher Universitéit ze studéieren. Och fir Betriber aus EU-Länner gëtt et, am Export-Import-Geschäft mat Groussbritannien, nei Barrièren an zousätzlech Käschten.

auto_stories

4 min

Groussbritannien ass eng beléiften Destinatioun fir auslännesch Unis-Studenten. An der Moyenne sinn op der Insel ronn 20 Prozent vun de Studenten Auslänner. Deen Undeel läit op Eliteunien, wéi Oxford a Cambridge, bei engem Drëttel, a beim University College an der School of Economics zu London esouguer tëschent 50 Prozent an 68 Prozent. Dorënner si vill Studenten aus EU Länner, seet de Benjamin Kinn, President vun der ACEL, der Associatioun vun de Studentencercelen, och well et eng international Destinatioun war.

Och fir Lëtzebuerger ass Groussbritannien eng populär Studien-Destinatioun. Am Joer 2019/20 waren 1.351 Studentinnen a Studenten aus Lëtzebuerg op enger brittescher Uni. Domat war Groussbritannien, no Däitschland, Frankräich an der Belsch, déi véiertbeléiftsten auslännesch Unis-Destinatioun zu Lëtzebuerg.

Studéiere gëtt méi deier a méi schwéier

Mee dat kéint sech elo änneren. Nom EU-Austrëtt ass Groussbritannien nämlech elo och fir EU Studenten en Drëttland, a si brauchen e Visa fir op eng brittesch Uni, deen "eng gewëssen Zomm" kascht, gëtt de Bejamin Kinn ze bedenken. An zwar 348 Pond oder ronn 387 Euro.

Vill méi deier sinn elo och d'Tuition Fees, also d'Käschte fir d'Coursen. Bis elo hunn EU-Studenten déi selwecht Tuition Fees wéi brittesch Studente bezuelt - nämlech 9.250 Pond d'Joer. Elo awer bezuelen EU-Studenten op britteschen Unien dat selwecht wéi aner international oder "overseas" Studenten. Jee no Cours an Uni sinn dat tëschent 21.000 a 37.000 Pond d'Joer - ronn zwee bis dräimol méi wéi bis elo.

Do derbäi kommen déi héich Liewenskäschten a Groussbritannien. De Benjamin Kinn, President vu Studentevertriedung ACEL, mengt, dat kéint Studenten aus EU Länner ofschrecken fir op eng brittesch Uni ze goen: vill Studente géifen elo an Holland goen, fir do ze studéieren, do wier dee gréissten Deel vun de Studien nämlech och op Englesch.

Och beim Erasmus+ Programm, also der Méiglechkeet, een oder zwee Semesteren op Unien an aneren EU-Länner ze studéieren, mécht Groussbritannien elo net méi mat - mat Ausnam vun Nordirland. De brittesche Premier Boris Johnson sot zwar, et géif en neie Programm komme fir Erasmus ze ersetzen, mee do gëtt et nach keng Detailer.

Barrièrë fir den Handel

Op der Lëtzebuergescher Ambassade zu London ass de Christophe Brighi neien Attaché economique et social fir d'Chambre de Commerce. Groussbritannie wier en enken Handelspartner vu Lëtzebuerg, seet hien, virun allem bei de Finanzservicer. Am Joer 2019 war Groussbritannie fir Lëtzebuerg dee gréisste Finanz-Export- an Import-Partner mat ongeféier 6,5 Milliarden Euro am Import a ronn aacht Milliarden Euro am Export.

Den Handelsaccord, deen in extremis nach fonnt gouf, deckt d'Finanzservicer nëmme limitéiert of. Et wier awer eng gutt Basis fir zukünfteg Negociatiounen, mengt de Christophe Brighi. Och ausserhalb vun de Finanzservicer géif Groussbritannie fir d'EU-Länner en attraktiven Handelspartner bleiwen. Fir Lëtzebuerg war d'Vereente Kinnekräich zum Beispill 2019 de sechs wichtegsten Export-Partner - mat Wueren-Exporter vu 536 Milliounen Euro. Beim Import war et mat 417 Milliounen deen aacht gréisste Partner fir Lëtzebuerg.

Mee fir all d'EU-Länner bedeit de Brexit nei Handelsbarrièren. Den Handelsaccord garantéiert zwar en Echange ouni Tariffer a Quoten, mee déi fräi Zirkulatioun vu Persounen a Wueren tëschent der EU a Groussbritannien ass elo eriwwer. Betriber aus EU-Länner, déi Handel mat Groussbritannien bedreiwen, si mat neien Douanes- a Regulatiouns-Kontrolle konfrontéiert, ënner anerem Export- an Importdeklaratiounen.

D'Ëmstellung fir de Brexit

Dat kascht zousätzlech Zäit a Ressourcen, seet de Pitt Ney bei der internationaler Transport Entreprise Wallenborn, mat Haaptquartéier zu Lëtzebuerg. 80 bis 100 Camione vu Wallenborn fueren normalerweis all Dag aus europäesche Länner eriwwer op d'Insel. Mee elo ass dat méi komplizéiert:

"Wa mer elo an England fueren, musse mer beim Eurotunnel all d'Dokumenter areechen, dat heescht, d'Zolldokumenter, an da kréie mir eng Nummer. Ouni déi Nummer kënne mir net an d'Enceinte vum Eurotunnel erafueren. Dat muss alles schonn am Viraus gemaach ginn."

D'Leit hu missen ëmforméiert ginn. Wallenborn hätt sech méi wéi zwee Joer dorop virbereet, seet de Pitt Ney. D'Zuel vun Camionstrajeten hätt zwar nom 1. Januar elo mol däitlech ofgeholl: momentan géifen 20 Prozent manner Camionen a Groussbritannie fueren. Hie geet awer dovunner aus, datt dat "an den nächste Wochen" nees op den normalen Niveau zeréck géif goen.

De Pitt Ney mengt och, datt de Brexit fir eng grouss Firma wéi Wallenborn, mat méi wéi 900 Camionen, net nëmmen negativ Konsequenzen huet. Well manner Transportfirmen a Groussbritannie fuere wëllen, hätte si méi Aarbecht.

De Christophe Brighi, Attaché économique et commercial fir d'Lëtzebuerger Chambre de Commerce op der Ambassade zu London, gëtt awer ze bedenken:

"Wann op der Grenz d'Wuere kontrolléiert ginn, féiert dat a veschiddene Fäll zu Verspéidungen. An d'Zousazkäschten, déi dobäi an de Liwwerungen entstinn, kënnen dann direkt op de Portmonnie schloen. "

Dës zousätzlech Käschte kéinten um Enn d'Konsumenten ze spiere kréien.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit