Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Demokratie duerch europawäit Kandidaten?

Europawahlen

Méi Demokratie duerch europawäit Kandidaten?

Soll et bei den nächsten Europawahlen niewent den nationale Wahllëschten och eng europäesch Lëscht ginn? D'Iddi ass net nei, d'Meenungen doriwwer gi staark auserneen. Net nëmmen an de Memberlänner, mä och am Europaparlament. Eng Chance fir d'Demokratie soen déi eng. D'Wieler réckele nach méi wäit vum EU-Politiker ewech, soen déi aner. De Vote am Parlament zu Stroossbuerg gëtt enk.

auto_stories

4 min

De Brexit kéint et méiglech maachen: Vun den 73 Plazen am Europaparlament déi dono iwwereg sinn, sollen der 27 op aner EU-Länner, déi bis elo ënnerrepresentéiert waren, ëmverdeelt ginn. Een Deel géif fräi bleiwen, fir Deputéiert, déi vun engem eventuellen neien EU-Member derbäi kéimen.

De Rescht vun de fräie Sëtz kéint duerch Parlamentarier opgefëllt ginn, déi sech net an engem Land, mä an allen 27 EU-Länner opgesat hunn an dono gewielt goufen.

Am Europaparlament ginn d'Meenungen iwwert esou trans-national Wahllëschten zimlech auserneen.

Liberal dofir, Chrëschtdemokraten dogéint

Déi Liberal sinn dofir: Et ass elo de Moment, esou europawäit Leschten anzeféieren, seet de Charel Goerens, Europadeputéiert vun der DP. Hien ass iwwerzeegt, datt d'Europäesch Unioun u Visibilitéit gewanne géif, "an d'Leit och mol wéissten, wéi eng politesch Couranten et gëtt a wéi ee Gesiicht se hunn."

Guer net d'Accord ass de Frank Engel. Den Europadeputéierte vun der CSV hält esou eng europäesch Lëscht fir eng "Schnapsiddi vu Pseudo-Federalisten". Well op där Lëscht maximal 27 Leit stéinge, wier dat souwisou nëmmen ee klenge Prozentsaz vun den iwwert 700 Europadeputéierte, déi op deem Wee gewielt géifen. "Wat ass dat fir ee Message?", freet de Frank Engel. "Wieren dat dann déi 'richteg' Europäer am Europaparlament?"

Memberlänner si sech net eens

Déi grouss Majoritéit vun der Europäescher Vollekspartei, där um europäesche Niveau d'CSV ugehéiert, ass och géint d'Iddi vun trans-nationale Lëschten. Zum Beispill de Schwed Gunnar Hökmark, fir deen d'Iddi ebe just net europäesch an och net demokratesch ass. "Den Ecart tëscht deenen, déi gewielt ginn an de Wieler gëtt méi grouss", seet hien. "Et ass eng zentralistesch Iddi, bei där et méi ëm Bréissel wéi ëm Europa geet".

Nieft de Liberale sinn déi Gréng kloer fir trans-national Wahllëschten. Net ganz eens si sech d'Sozialisten. Déi meescht sinn dofir. De Saarlänner Jo Leinen zum Beispill erwaart sech een Duerchbroch bei EU Debatten.

Fir anerer, wéi d'Marita Ulvskog, eng Schwedesch Sozialdemokratin, sollt een d'Saach net méi komplizéiert maachen. "D'Participatioun bei den Europawahlen ass ze niddereg a si klëmmt bestëmmt net doduerch, datt mir elo sou Experimenter maachen."

E Mëttwoch stëmmt d'Parlament of. Dono ass et dann un de Memberlänner. Si mussen unanime dofir sinn, fir datt eppes aus der Iddi gëtt. Et hunn awer schonn eng Partie Länner annoncéiert, datt dat net de Fall ass. Dozou ziele Polen, Tschechesch Republik, Ungarn an d'Slowakei. De Punkt steet um Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen Enn Februar um Ordre du jour.