Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méi e bewosste Choix fir d'kathoulesch Kierch"

Glawen

"Méi e bewosste Choix fir d'kathoulesch Kierch"

Och virum Ofschafe vum Reliounsunterrecht wier et kee sozialen Drock ginn, seet den Oktavpriedeger Abbé Daniel Graul. Leit, déi sech haut an der Kierch engagéieren, géifen dat méi bewosst maachen. D'Oktav wier en Deel vun der Lëtzebuerger Kultur, dofir géif se vill Leit unzéien.

auto_stories

2 min

D'Ofschafe vum Reliounsunterrecht an der Grondschoul hätt mat sech bruecht, datt d'Leit sech méi bewosst géifen fir d'Offer vun der kathoulescher Kierch entscheeden, seet den Daniel Graul. De Paschtouer aus der Par Dräilännereck Musel ass dëst Joer designéierte Priedeger an der Oktav, déi de Bistum vun e Samschdeg un organiséiert.

Awer och virdru wier et kee sozialen Drock ginn, zum Beispill fir Kanner ze deefen. "D'Leit haten ëmmer nach hire Choix fir ze soen, si géifen hiert Kand deefe loossen oder net. An et gouf der jo och déi soten, si géifen dat net maachen an et hirem Kand iwwerloossen, wann et méi grouss ass." Et wier e bewosste Choix, wa Leit sech haut an der Kierch engagéieren.

Ëmstriddene Bëschof bei Ofschlossmass

Priedeger an der Ofschlossmass vun der Oktav wäert net den Daniel Graul sinn, mee de Marek Jędraszewski. De Bëschof vu Karakau ass net onëmstridden. Hie steet der PiS-Partei no an ass an de leschte Joren duerch provokativ Aussoen opgefall. Den däitsche Sender Deutschlandfunk zitéiert hie mat dëser Ausso, déi hie während enger Genderdebatt a Polen gemaach soll hunn: "Ech ka mer virstellen, datt ëm 2015 e puer Wäisshaiteger anere mënschleche Rassen a Reservater virgefouert ginn".

Déi Ausso u sech géif staark an d'Ae stiechen, Theologe géifen heiansdo awer och staark Biller benotzen - och emol fir ze provozéieren, sou den Abbé Graul. Fir sech ze positionéiere misst een awer wëssen ënner wéi engen Ëmstänn dat Zitat gefall ass. Den Äerzbëschof a seng Gremien hätten d'Decisioun geholl de Marek Jedraszewski anzelueden, hie wier dofir net responsabel, seet den Daniel Graul.

"Glawenskris an der Gesellschaft"

D'Oktav wier een Deel vun der Lëtzebuerger Kultur, an dofir och wichteg fir déi Leit, déi de Glawen net am Alldag géife praktizéieren. 60.000 Pilger goufen an de leschte Joren all Kéiers vun den Organisateuren an der Oktav gezielt. Et wier kloer, datt déi Zuelen net vergläichbar wiere mat deenen, déi an de Sonndesmasse gezielt ginn, sou den Daniel Gaul. Do géifen am Verglach manner Leit hikommen.

"Mir liewen och haut an enger Gesellschaft, wou mer eng gewësse Glawenskris erliewen", seet den Daniel Gaul. Dat géif e Mangel u Paschtéier eng Kris vu de Beruffungen an der Kierch insgesamt mat sech bréngen.