Prisongsreform Méi en humane Strofvollzuch

D'Chamber huet gréng Luucht fir d'Gesetz iwwer d'Prisongsreform ginn. Zil ass et, d'Reinsertioun vum Condamnéierte vun Ufank u virzebereeden. Aarbecht am allgemengen Interêt kéint eng wierksam Alternativ sinn. Weider gëtt eng zweet Instanz fir d'Application des peines geschaaft.

Carole Schimmer / cbi

Prisong
Foto: Bigstock / TRAPEZONDAL

D'Zil vun der Reform ass et méi en humane Strofvollzuch ze schafen, an d'Reinsertioun vum Condamnéierte vun Ufank u virzebereeden. Aus deem Grond soll och versicht ginn, wa méiglech Alternativen ze proposéieren, wéi déi elektronesch Foussfessel, fraktionéiert Prisongsstrofen an de Congé penal.

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry mengt, datt Aarbecht am allgemengen Interêt eng wierksam Alternativ kéint sinn. Dofir misst awer de politesche Wëllen do sinn, fir Associatiounen ze ënnerstëtzen, fir datt si do och matmaachen.

Eng zweet Instanz

Mam neie Gesetz gëtt eng zweet Instanz fir d'Application des peines geschaf. De Strofvollzuch gëtt wéi bis elo vum Procureur général a sengem Delegéierte festgeluecht. An zweeter Instanz an um Niveau vun der Cour d'appel kann awer déi nei Chambre d'application des peines saiséiert ginn. Well et sech do ëm eng zweet Instanz handelt, gëtt et keng Rekursméiglechkeet méi par Rapport zu den Decisioune vun der Chambre d'application des peines, déi am ganzen dräi Memberen zielt.

Et ass dann un der Prisongsverwaltung, déi Decisiounen ëmzesetzen. Wichteg ass et och ze notéieren, datt de Sursis als generell Regel gëllt, bei enger Strof mat festem Prisong muss eng kloer Motivatioun virleien.

Zeréck an dat normaalt Liewen

Vun Ufank u gëtt zesumme mam Detenu oder dem Untersuchungshäftling e Plan volontaire de réinsertion ausgeschafft. Et wier och ee Mëttel fir d'Réckfällegkeet ze verhënneren, betount de Marc Baum vun déi Lénk.

Eng Gesellschaft misst "Interessi dorun hunn, datt een, dee seng Strof ofgesat huet, net méi réckfälleg gëtt a keng Strofdote méi begeet". Momentan hätten 32 Prozent vun de Prisonéier, déi am Prisong sëtzen, virdru schonn eng Strofdot begaangen.

Et gëtt iwwerdeems eng nei Verwaltung geschaaft fir déi dräi Prisonge vu Schraasseg, Givenich a vum Uerschterhaff. Derbäi kënnt eng Psychiatrie judiciaire, déi vum CHNP vun Ettelbréck ofhänkt. An déi Unitéit kommen déi Persounen, déi no enger Dot als net zourechnungsfäeg deklaréiert goufen an also net veruerteelt ginn.

Méi Verantwortung fir d'Giischtercher

Eng weider Fro, déi opgeworf gouf, ass déi vun de Gefaangenentransporter. Et misst ee sech iwwerleeën, ob déi Transporter och vu Giischtercher kéinten iwwerholl ginn. Doduerch hätt d'Police méi Zäit, fir aneren Aufgaben nozegoen, esou den DP-Fraktiounschef Eugène Berger.

D'Giischtercher sollen iwwerdeems nei Mëttel kréie fir sech ze wieren oder Uerdnung ze schafen, déi ginn dem CSV-Deputéierte Gilles Roth awer net duer: Den Taser misst an enger Testphas kënnen agesat ginn.

D'Carrière verbesseren

Den neie Prisong fir Untersuchungshäftlingen um Uerschterhaff kéint 2022 fäerdeg sinn, esou de Justizminister Felix Braz. Bis dohinner missten och eng 300 Giischtercher rekrutéiert ginn. Si kréien an Zukunft eng zousätzlech Primm fir d'Carrière méi attraktiv ze maachen, esou de grénge Justizminister Félix Braz. Et géif en Accord mam Dan Kersch, LSAP-Minister vun der Fonction publique, ginn. Giischtercher géifen deemno eng Primm als Indémnité spéciale an der Héicht vun 12 Punkte kréien.

D'Rekrutéierung vun neie Giischtercher fir den Uerschterhaff gëtt an d'Weeër geleet. An engem Joer wier iwwerdeems den neien Institut de Formation pénitentiaire prett.

An der Mediathéik:

Aktuelles / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Prison
Prisong

Ween op Gewalt setzt, dee misst och mat Konsequenze rechnen, seet de Justizminister Félix Braz. Den Dialog mat de Prisonéier ass einstweilen op Äis geluecht. D'CSV ënnerstëtzt dës Approche.

Prisong
Prisong

E Prisong huet net nëmmen d’Aufgab dofir ze suergen, datt d’Prisonéier hir Strof ofsëtzen. Et geet och dorëm, si ze resozialiséieren. Ma dat kënnt zu Schraasseg ze kuerz: De Prisong ass iwwerlaascht.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen