Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - White Dancing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi ewéi d'Hallschent vun der Pai fir de Loyer

SOZIALES

Méi ewéi d'Hallschent vun der Pai fir de Loyer

An 11 Länner vun der Europäescher Unioun gi fir Leit mat Mindestloun op d'mannst 40 Prozent vun der Pai fir de Loyer drop. Zu Lëtzebuerg sinn et esou guer 51 Prozent, sou eng Analys vum Europäesche Gewerkschaftsbond.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock/lxeneize

D'Zuele bezéie sech op déi vun der Europäescher Statistik Agence Eurostat a sinn aus dem Joer 2019. Am Fall vu Lëtzebuerg confirméieren si d'Aschätzungen, déi den Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche, Liser, dee leschte Mount an engem Rapport publizéiert hat.

Der Analys vum Europäesche Gewerkschaftsbond ETUC no ginn am Grand-Duché fir Leit mam Mindestloun 51 Prozent vun deem Loun fir de Loyer drop. Deen Taux ass just a Bulgarien mat 53 an a Spuenien mat 54 Prozent méi héich. Am ganzen hunn a fënnef EU-Länner Leit, déi Vollzäit schaffen, manner wéi d'Hallschent vun hirem Akommes iwwereg fir Liewensmëttel, Heizungs- an aner Käschte wéi de Loyer ze bezuelen.

Ëmmerhin an 20 EU-Länner läit de Mindestloun ënner deem, wat als Aarmutsgrenz definéiert gouf.

ETUC: Direktiv fir EU-Mindestloun muss verbessert ginn

Den ETUC setzt déi Chifferen a Relatioun mat der aktueller Diskussioun iwwer den europäesche Mindestloun. Den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales Nicolas Schmit hat am Oktober zejoert eng Direktiv presentéiert, an där keng verbindlech mee allgemeng Critère fir de Mindestloun wéi d'Produktivitéit oder d'Kafkraaft beschriwwe ginn.

Dat géing net duer, sou den ETUC de Moien a engem Pressecommuniqué. Et misste vill méi och d'Liewenskäschte mat abezu ginn. Där Meenung ass och d'Europaparlament.

En Donneschdeg stëmmt déi zoustänneg Kommissioun iwwer d'Positioun vum Parlament of. Den EU-Memberlänner geet par konter dem Nicolas Schmit seng Direktiv ze wäit. Hir Positioun soll Uganks Dezember um Dësch leien.