Déi net-remboursabel Aide Relance an d'Hëllef fir ongedeckte Käschte solle bis de Juni verlängert ginn. De Staat soll vun dësem Februar un déi komplett net-gedeckte Käschte vun deenen Entreprisen iwwerhuelen, déi vun enger "Fermeture légale" betraff sinn, oder déi wéinst de Restriktiounen op d'mannst 75 Prozent manner Ëmsaz gemaach hunn.
D'Betriber, déi mussen zou hunn, sollen donieft een Deel vun hirem Ëmsaz, dee si duerch Liwwerungen oder "vente à emporter" maachen, bei der Berechnung immuniséiert kréien, esou de Minister. "Dat heescht datt dëse Montant net wéi bis ewell bei de Recetten an der Aide non couverts eraus gerechent gëtt." Domat wéilt een déi Restauranten a Caféen honoréieren, déi trotz der schwiereger Situatioun nach e Service ubidden a weider schaffen. "Et ass eis wichteg, dass d'Schaffe sech lount", sou de Lex Delles.
Hëllefe fir ongedeckte Käschte gi verduebelt
Eng weider geplangten Ännerung ass déi, datt déi maximal Zomme vun den Hëllefe fir ongedeckte Käschte verduebelt ginn, huet de Mëttelstandsminister Lex Delles erkläert.
"Dat heescht fir eng Mikroentreprise vun 0 bis 9 Salariéen ass den neie Plaffong pro Mount 30.000 Euro. Fir eng kleng Entreprise (10 bis 49 Salariéen) ass den neie Plaffong 150.000 Euro pro Mount. A fir mëttel a grouss Betriber iwwer 50 Salariéë sinn et 300.000 Euro."
Och jonk Entreprisë sollen an Zukunft vun den Hëllefe kënne profitéieren. De Projet mat all de Changementer muss nach vun der Chamber gestëmmt ginn. Déi geschate Käschte fir de Staat leien dem Projet no bei 60 Milliounen Euro. E Villfacht dovun hunn d'Hëllefe wéinst de Konsequenze vun der Pandemie bis elo scho kascht.