Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Méi Koherenz vun de Politiken"

Cercle des ONG

"Méi Koherenz vun de Politiken"

De Cercle des ONG fuerdert méi Koherenz vun de Politiken an de Beräicher Handel, Ëmwelt a Klimaschutz. Weider fuerderen d'ONGen datt de Kofinanzement zu 80 Prozent och fir déi Organisatiounen soll erhale bleiwen, déi Projeten am Beräich vun de Mënscherechter realiséieren, och wa si net a Relatioun sti mat engem vun de siwen Zil-Länner vun der Kooperatioun.

auto_stories

2 min

En Dënschdeg war an der Chamber d'Deklaratioun zur Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik. Am Virfeld huet de Cercle de Cooperatioun des ONG de "Barometer Fair Politics" publizéiert, an deem méi Koherenz vun de Politiken gefuerdert gëtt.

Trotz der finanzieller Ofhängegkeet vun den ONGe vis à vis vum Staat, géif ee sech fräi fillen. De Barometer Fair Politics, deen och vum Staat finanzéiert gëtt, kritiséiert zum Beispill verschidde Politike vun der Regierung.

"D'ONGe sinn esou ee grousst Mouvement, datt si sech staark genuch fillen, fir kee Blat virun de Mond ze huelen. A mir wäerte weider kritesch bleiwen", seet den Armand Drews, President vum Cercle des ONG.

Gesetz iwwert d'Entwécklungshëllef

Am neie Gesetz iwwert d'Lëtzebuerger Entwécklungshëllef ginn et Changementer beim Kofinanzement vun den Entwécklungsprojeten.

D'ONGe kréie vum Staat 80 Prozent vun deene Projete finanzéiert, wann et sech ëm Projeten handelt, déi an engem vun de siwen Zil-Länner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun realiséiert ginn. Soss ginn et nëmmen 60 Prozent u Bäihëllef.

De Cercle de Coopération des ONG de Développement an de Staatsrot hunn d'Gesetz kënne beaflossen, seet den Armand Drews. An Zukunft sollen och Projeten, déi mat der Fro vun de Mënscherechter, de Fraerechter oder dem Droit de la personne ze dinn hunn, zu 80 Prozent vum Staat ënnerstëtzt kënne ginn. Déi Critèren huet d'OECD, d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung, selwer ausgeschafft.

Benevolat muss weiderhin ënnerstëtzt ginn

D'ONGen hu sech an der Zäit ëmmer méi professionaliséiert. Elleng fir eng Kofinanzéierung unzefroen a fir aner Prozedure brauch ee mëttlerweil déi néideg Qualifikatiounen. De Cercle wëllt och weiderhi solidaresch bleiwe mat all deenen ONGen, déi an der Entwécklungshëllef aktiv sinn, an déi net esou professionell Kapassitéiten hunn. Jiddwer Benevole misst kënne mat an d'Boot geholl ginn, esou den Armand Drews.

De Cercle ass eng Plattform vun 80 Net-Regierungsorganisatiounen. Et ginn där am Ganzen 92 zu Lëtzebuerg. Verschidden ONGe wéi d'Croix-Rouge wëllen net Member si vun der Plattform, wëll déi politesch Revendicatioune vertrëtt, déi net am Aklang si mam Neutralitéitsprinzip, deen d'Rout Kräiz an der Welt wëllt respektéieren.