Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Kontrollen op Autobunnen

Verkéier a Stau

Méi Kontrollen op Autobunnen

D'Police wëllt an den nächste Woche méi Vitesskontrollen op den Autobunnen A6 an A1 maachen. Op Nofro hin heescht et, et wiere méi Radarkontrolle geplangt wéi soss. Wéi dacks genee soll kontrolléiert ginn, wier awer schwéier soen.

auto_stories

1 min

D'Police huet méi Kontrollen op der Autobunn annoncéiert. Foto: Archiv

Mat der méi grousser Präsenz wëllt d'Police sécherstellen, datt déi provisoresch Vitesslimitatioun vun 90 Kilometer pro Stonn agehale gëtt. Zanter de Moien gëllt déi nei Limitatioun an der Woch ëmmer moies tëschent véierel op 6 a véierel op 9 - vun der belscher Grenz aus bis bei d'Sortie Kierchbierg.

Ponts et Chaussées wëllt domat testen, ob et bei méi gerénger Vitess manner Stauen a manner Accidenter ginn. D'Testphas leeft bis den 12. Juli. Duerno gëtt ausgewäert, ob d'Mesure e Succès war.