Radioen

On air

Europawalen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi kreative Geescht, manner Bëton

Fräie Mikro

Méi kreative Geescht, manner Bëton

An de Gemenge réckelt lues a lues dat reng Politescht erëm an den Hannergrond an déi konkret Aarbecht geet erëm nei un oder geet weider. Do ass nach vill Spillraum fir nei Iddien am Sënn vun enger besserer Liewensqualitéit. Dat ass en dacks benotzte Walslogan. "Weise gëllt" mengt d'Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière haut an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

No de Koalitiounsgespréicher, neien an alen Allianzen ass ob Gemengenniveau d'Politik politicienne mol einstweilen ausgelieft. Lo geet et drëms mat neiem Elan un nei a villsäiteg Aufgaben erunzegoen.

Bei dem wat d'Liewensqualitéit an enger Gemeng ausmécht, ass d'Sécherheet e wichtege Punkt. Oder ëmgekéiert, Sécherheet bréngt Liewensqualitéit.

Besonnesch wat d'Verkéierssécherheet betrëfft, hunn d'Gemengen en direkten a groussen Afloss. Gutt geplangte Stroosseninfrastrukturen, iwwersiichtlech a verständlech signaliséiert Stroossen a Weeër, Plaz fir d'Moblité douce. Wann d'Viraussetzunge fir eng gutt Cohabitatioun net stëmmen an d'Grozonen ze gro si fir, datt Jiddereen sech erëmfënnt, hu mir e Problem vun de Akzeptanz an sou och e Sécherheetsproblem.

D'Gemengeverantwortlech spillen hei eng ganz wichteg Roll, déi wäit iwwer déi vum Gestionnaire vum ëffentleche Raum erausgeet.

Courage gefuerdert

Wann ee bedenkt wéi vill neie Wunnraum soll a muss entstoen a wat dat fir Ufuerderungen un d'Infrastrukturen an d'Reegelwierk an enger Gemeng sinn, dann ass do ganz vill gestalteresch Energie a Kompetenz noutwendeg.

Dozou gehéiert och vill Courage fir vun de viirgetrëppelte Paden erofzekommen. De generaliséierten Tempo 30 an den Uertschaften ass esou Beispill. Et gëtt wuel grousse Widderstand bei ville Leit, mee och ëmmer méi Stëmmen dofir a laangfristeg ass et deen eenzege Wee fir Sécherheet a Liewensqualitéit ze verbannen.

Wat an ëmmer méi europäesche Grouss- a Klengstied machbar ass, misste mir och fäerdeg bréngen, just ëmmer mat e puer Joer Retard. A quasi alle Gemenge gëtt et jo scho méi oder manner grouss Usätz.

D'Gemengen si Planer, jo a firwat net mol méi oft Visionären a Virreider. Infrastrukturen oder Amenagementer sollen net sou oft dem Techniker (am wäitste Sënn) iwwerlooss ginn. D'Erhale vu schéine Plazen, Begréngung d'Benotze vun natierleche Materialien an ästheteschem Mobilier urbain schaaft Atmosphär. Dozou gehéiere keng Pizza-oder Baguette's Automaten.

Mënschegerecht, net autosgerecht

Sech wuelfillen a gär ob Plazen einfach nëmme verweilen hu mir deelweis verléiert. Dat hëlt awer den Tempo raus. Manner ass hei oft méi. Net all cm2 muss amenagéiert sinn. Méi Shared Space, manner oder méi verzeihend Ofgrenzungen, méi mënschegerecht, manner autosgerecht.

Et gëtt genuch Bëton a Blech, et ass genuch Geliits a Beschëlderung am Stroosseraum noutwendeg, genuch Strécher a Signalfaarf um Buedem, datt mer net och nach zousätzlech mussen am Duerf-oder Stadkär obrüsten.

Soubal mir am Ausland sinn, siche mir Plazen ënner Platanen, charmant Ecken a lokale Flair ob. Hei kéinte mir däers och méi hunn. Schliisslech steet all neiem Projet e Gemengepapp-oder Mamm an e Schäfferot fir, fir Decisiounen ze huelen a Weichen ze stellen.

Déi Fraen a Männer déi souvill Engagement gewisen hunn virun dëse Wale sollen deen Elan aus der Politik mat eriwwer huelen an sech méi traue fir hir Gemenge méi schéin, méi roueg a méi liewenswäert ze maachen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.